E ganzt Dëppche Glace ouni schlecht Gewëssen!

Wee kënnt et net, et hëlt een en Dëppche Glace aus der Tru an am léifste géif een se ganz iessen, mee nee. Et muss een sech mat deene puer Läffelen um Teller zefridde stellen, wëll alles aneschters einfach vill ze vill Zocker a Kalorien hätt. A wee seet dann, dass dat net aneschters geet?  Einfach iesse bis dass d’Dëppchen eidel ass an dat ouni schlecht Gewëssen. Ëmmer méi Hiersteller brénge Glacë raus mat reduzéiertem Zock a wéineg Kalorien. Wann dat ganzt Deppen och just 320 Kalorien huet, dann ësst een et einfach ganz.

Ugefaangen huet et mat der Amerikanescher Mark Halo Top. Hier Zorte si mëttlerweil och sou ausgefall, dass souguer eng Glace mam Gout “Gebuertsdagskuch” nëmmen 310 Kalorien huet. Déi Zuel steet dann och grouss vir drop wëll et den Haaptgrond ass, firwat se kaaft gëtt. 2017 huet Time Magazine Halo Top als bescht Erfannung vum Joer gekréint an domat stoung d’Gebuertsstonn vun de Kaloriereduzéierte Glacen. D’Fro ass just, wat dran ass a wéi si et hikréien dass et genau d’nämmlecht schmaacht. Verschidden däitsch Firme benotze fir hier Glacen Zockeralternative wéi Erythrit, Sucralose a Stevia. Dat bewierkt dass de Bluttzockerspiggel manner schnell an d’Luucht geet an einfach manner Zocker am Iessen dran ass. Och op organeschen Zocker gëtt gesat, fir den Zockergehalt niddereg ze halen.

D’Virdeeler vun der Glace sinn awer net nëmmen de reduzéierten Zocker, mee och de Proteingehalt soll méi héisch si wéi an den normale Glacen. Dat erreechen si deelweis souguer mat Proteinpolver, den a  d’Glace dragemaach gëtt.

Nach méi gesond geet et weider an dat mat vegane Glacen: Wat d’Lescht vun den Inhaltsstoffer méi kleng ass, desto besser. An dat huelen sech ëmmer méi Firmen zur Challenge. Heifir gëtt Kokosmëllech geholl an et gëtt mat Drauwenzocker geschafft. Virun allem an den däitsche Supermarchéë fënnt een do eng grouss Auswiel u Glacë mat natierlechen Zutaten. Och wann déi villäicht e puer Euro méi kaschten, ënnerstëtzt dir oft kleng Betriber, déi op Nohaltegkeet an eng korrekt Hierstellung sëtzen.

Glacë si scho laang net méi langweileg an och net méi voller Zocker.

Fir de Summer gëllt awer nëmmen eng Reegel an no där hunn ech bis lo absolut gelieft: Wann dir Loscht op eng gutt Glace hutt, da gitt bei äre Glacëbuttek an huelt déi, déi iech schmaacht. De Summer ass ze kuerz fir sech Gedanken iwwert Kalorien ze maachen an ze vill Zäit mam liese vun den Inhaltsstoffer ze verbréngen.

xx, Mira