Eng Paus am Alldag, an dat fir jidereen!

Mir brauchen eng Paus! Mam ganzen Alldagsstress an deene ville Suergen, brauche mir och eemol Zäit fir eis. An dat net ee mol d'Joer, mee op mannst ee mol den Dag. Eng Paus virun den eegene Gedanken ass awer net esou einfach. Schliisslech denkt ee jo schonn wann een net wëll dass ee lo denkt. Mee wat hëlleft fir de Kierper einfach mol erofzefueren an zur Rou ze kommen? Dir kënnt et mat Meditatioun a Yoga probéieren. Well mir am 21. Joerhonnert liewe gëtt et natierlech fir alles eng App. Och mat Youtube Videoen kënnt dir äert Yogastudio doheem opbauen. Alles wat dir dofir braucht ass eng Yoga Matt, e bëssen Entspanungsmusëk an eng Käerz fir d’Atmosphär. Da maacht dir iech de passende Yogaprogramm un a lass geet et. Wourunner et awer wuel bei deene meeschte scho scheitert, ass d’Iwwerwannung sech och lo wierklech dohinner ze setzen. Mir sti moies ob a bis mir owes schlofe ginn, musse mir, oder wëlle mir, fonktionéiren.

Wat do hëlleft si kleng Entspanungsübungen déi dir an ären Alldag abaue kënnt, an dofir braucht dir just iech selwer. Huelt iech zwou Minutten, oder fir déi ganz gestresst och just eng. Da setzt dir iech riicht dohin, maacht d’Aan zou an otemt bewosst an an aus. Am nämmlechte Rhythmus a ganz roueg. Duerch Nues an, kuerz anhalen an dann duerch de Mond aus. Dat hëlleft iwwregens och wann dir Problemer hutt anzeschlofen. Konzentréiert iech ob e reegelméissegen Otem an déi puer Minutten Entspanung ginn iech erëm Energie fir den Dag. Mir ënnerschätzen nämlech vill ze oft, dass aise Kierper och am Dag mol déi eng oder aner kleng Paus verdéngt huet.

Wat besonnesch owes virum Schlofe goen hëlleft ass eng Entspanungs App. Do ginn et ganze Koup ënnerschiddlecher, déi iech dobäi hëllefe besser anzeschlofen. Da stellt dir d’Zäit vun der Meditatioun an, lauschtert ob dat wat dir gesot kritt a sou kann äre Kierper besser erofkommen.

E klengen Tipp vu mir: Ech lauschteren oft Podcast fir anzeschlofen a stelle mir dann en Timer an, wéini mäin Handy automatesch ausgeet. Dat kënnt dir och mat der Musek maachen. Einfach agi wéi laang dir fir är Aschlofphase Musek lauschtere wëllt a scho kënnt dir entspanen, soubal dir den Handy aus der Hand leed. Wann dir et awer ganz richteg maache wëllt, da maacht dir Nuets den Handy aus a leet en an en anert Zëmmer. Ech wënschen iech eng gutt Entspanung an e puer roueg Minutten, huelt iech se.

xx, Mira