Wéi vegan sidd dir wat Kosmetik ubelaangt

Vegan ass in an dat net nëmmen an der Ernierung. Oft vergiess gëtt d'Kosmetik an do kënnen sech grouss Firmennimm net vun Déiereversich fräischwätzen. Wee bei Vegan mengt, et misst een sech dann direkt mat engem Stéck Seef de Kapp wäsche läit falsch. Och wann dat mëttlerweil zimlech cool ass a genau sou héichwäerteg wéi e normale Shampoing. Dobäi maacht dir och nach vill fir d'Ëmwelt, wann dir de ganze Plastik vun de Verpackunge spuert.

Lo gëtt et villäicht e bëssen eekleg, mee konventionell Kosmetikfirme benotze Laisblutt fir déi rout Faarf an de Lëppestëfter oder am Rouge.  Spéitstens lo dierfte mir eis eens sinn, dass een dorobber verzichte muss an och kann. Ëmmer méi Firme sprangen op den Trend op a ginn vegan. Sief dass si einfach aner Produiten benotzen, fir déi gewënschte Faarwen hierzestellen. Zum Beispill Granatapelextrakt. Also wann et och ouni geet, firwat da nach mat? Et muss een heibäi awer nach den Ënnerscheed maachen tëschent veganer Kosmetik, Naturkosmetik a Kosmetik ouni Déiereversich. Dat ass leider net direkt dat nämmlecht.

Dir fannt um Internetsite vun der Peta eng ganz Lëscht mat Firmen, déi ouni Déiereversich hier Produiten testen. Vegan Kosmetik heescht awer, dass och wierklech näischt vun engem Déier am Produit mat dran ass. Mee wat heescht dann elo Naturkosmetik? Naturkosmetik ass kee geschützte Begrëff a ka jee no Oplag ënnerschiddlech vun de Firme genotzt ginn. Si mussen da just der Oplag gerecht ginn, kënnen sech awer egal wéi Naturkosmetik nennen. Et lount sech also och ëmmer e Bléck op d‘Inhaltsstoffer ze geheien.

Et soll heeschen dass Produiten aus planzleche Rohstoffer hiergestallt ginn a keng Produite vun Déiere beinhalten. Dat mëscht Naturkosmetik awer net automatesch vegan. Si däerf mat Mëllech, Hunneg a jo och leider zum Deel mat der rouder Faarf vun de Lais hiergestallt ginn. Ween also absolut näischt mat Déieren a senger Kosmetik wëll ze dinn hunn, de sëtzt op vegan Kosmetik a generell lount et sech beim Kaf vum nächste Lëppestëft eng kéier hannen op d'Packung ze kucken.

 xx, Mira