Scho laang den Iwwerbléck verluer tëschent Flat White a Cold Brew? Hei kënnt äre Guide!

E Kaffi wannechgelift. Wee sech hautzedaags nach traut sou an engem Café ze bestellen, den huet Courage bewisen. Normalerweis kënnt dann direkt d’Fro: wéien dann? An déi ass berechtegt. Nierwent Cafè Latte, Cappucchino muss een och nach Begrëffer wéi Cold Brew, Nitro, Flat White a  Cortado kënnen. An domadder fänkt de Kaffi Dschungel un. Et ass nämlech eng reegelrecht Philosophie déi dohannert stécht. Wéi vill Prozent u Mëllech kënnt bei de Kaffi oder Espresso, wéi eng Stäerkt, wéi waarm gëtt en opgeschott... all déi Saache spillen eng Roll a maachen direkt eng aner Zort Kaffi aus. Ganz dovun ofgesinn, dass Mëllechalternative wéi Soja, Huewer, Kokos a Mandel dat ganzt nach eng kéier méi extra maachen. Fir dass dir net nächste kéier mat lauter Fragezeichen iwwert dem Kapp virun ärem Barista stitt, klären ech iech hei mol op:

Mir fänke mat engem Klassiker un, den awer oft mat engem Cafè Latte verwiesselt gëtt: de Latte Macchiato. E besteet zum gréissten Deel aus Mëllech, gëtt an engem Glas zerwéiert a kritt zum Schluss een oder zwee Espresso drageschott. De Café Latte besteet am contraire aus 50% Mëllech a 50% Kaffi.

E Flatwhite gehéiert aktuell zum Trendgedrénks an der Kaffiwelt. Et ass eng Aart Cappuccino mat engem duebelen Espresso. Perfekt fir déi, déi en intensive Kaffisgoût wëllen an nëmme wéineg Mëllech brauchen.

Ween eng Alternativ zum klasseschen Espresso wëll, kéint mam Cortado glécklech ginn. Et ass eng Mëschung tëschent Cappuccino an Espresso Macchiato a besteet aus 4 Schichten. Fir d'éischt kënnt Kondensmëllech, dann den Espresso, da waarm Mëllech an dono Mëllechschaum dran.

A fir de Kaffidschungel perfekt ze maache schwätze mir zu gudder Lescht iwwert de Cold Brew. Besonnesch am Summer beléift, wëll de Kaffi net mat waarme mee mat kalem Waasser opgeschott gëtt. En hält sech bis Scho laang den Iwwerbléck verluer tëschent Flat White a Cold Brew? Hei kënnt äre Guidezu zwee Woche gekillt a gëtt mat vill Äis am Glas gedronk. Et gëtt en souguer fäerdeg a Fläschen ze kafen.

Wann dir iech eng kéier onsécher sidd, da frot dach einfach mol äre Barista, wat en iech recommandéiere kann. Déi freeën sech, wann si mol eppes aneschters wéi e Latte Macchiato zerwéiere kënnen an dobäi och nach ënnerschiddlech Kaffiszorten an d'Spill kommen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira