An? Och schonn an d'Proteinfal eragefall? 

Proteinpolver, Proteinrigel, Proteinpudding. Mëttlerweil weess een, wie Sport mécht a Muskele wëll, dee brauch Proteinnen. Mee de ganzen Hype verleet eis alles ze kafe wou Protein drop steet, ouni ze liese wat dran ass.

Dofir mol fir d’éischt d‘Fro, wéi vill Proteinne brauch de Kierper a wat sinn iwwerhaapt Proteinnen?

De Kierper kéint ouni Eewäiss an Aminosaieren net existéieren. Si si wichteg fir eis Muskelen, eist Häerz a Gehier. Dofir ass et wichteg dass mir am Dag eng gewësse Portioun u planzlech Proteinnen oder Eewäiss aus Déiereproduiten zou eis huelen. Leucin ass déi Aminosaier, déi fir de Muskelopbau wichteg ass. Déi kritt een awer net nëmmen aus kënschtlechem Proteinpolver, mee virun allem och aus Lënsen, Sojabounen, Ierbessen, Kürbiskären, Nëss, Kéis an Eeër. Dat ass och de Grond, firwat Proteinpolver eng einfach Mëschung vu Molkeproteinkonzentrat ass oder als vegan Versioun vill aus Ierbsenprotein besteet. Einfach gesot, Proteinpolver ass eng chemesch Hierstellung aus Produiten, déi mir och an eiser Ernierung fannen. Dofir ass et fir de normale Mënsch net néideg, zousätzlech Mëttel anzehuelen. Genuch Proteinne kritt en och duerch seng Ernierung. Mat engem Jughurt aus Skyr oder fettaarme wäisse Kéis kënnt ee bei nëmmen 200g Gramm oft schonn op 20g Proteinnen an dat bei nëmmen 100 Kalorien. De richtege Jughurt mat Uebst huet dann den nämmlechten Effekt wéi e Proteinshake. Wann dir dann nach eng Zalot mat Poulet oder Thon iesst an tëschenduerch puer Nëss snackt, hutt dir äre Bedarf méi wéi erreecht.

E normale sportleche Mënsch, de fir e Muskelopbau trainéiert brauch ëm déi 1,2 bis 1,8 Gramm pro Kilogramm Kierpergewiicht. Ech hunn dat mol fir mech ausgerechent. Deemno misst ech mat engem normalen Training ëm déi 70g Protein a meng Ernierung abauen. An dat klappt ganz einfach och ouni zousätzlech Produiten. Nëtzlech sinn déi awer fir Leit, déi net op déi erwënschten Zuel kommen, well si extrem vill Protein brauchen.

Also dann awer léiwer e Schoko Proteinpudding anstatt engem normalen? Jo an nee. Deelweis kann et nëtzlech sinn, Produite mat vill Protein ze kafen, do ass et awer virun allem wichteg och op d'Inhaltsstoffer ze kucken. Wa just Protein drop steet, fir dass de Produit sech verkeeft, dann awer souvill Zocker huet wéi all normalen Dessert, kann een sech de méi déiere Marketing Geck spueren. Heiansdo si Produiten awer sou entwéckelt, dass tatsächlech eng méi gesond Alternativ gesicht gëtt, déi fir Sportler intressant ass. Wann dir op der sécherer Säit wëllt sinn, da kaaft virun allem Saachen ouni zousätzlech chemesch Produiten. E Rigel, den nëmmen aus Nëss, Dattelen an eventuell Ierbessenprotein besteet liwwert iech op natierlech Aart a Weis déi Proteinquell déi dir braucht. Kuerz gesot, Proteinartikele sinn net all schlecht an awer och net all néidesch. E normale Mënsch kënnt och ouni zousätzlech Polver op säi Proteingehalt. Wann dir awer tëschent engem Schokolasrigel, an engem natierlechem Proteinrigel ouni raffinéierten Zocker schwankt, dann ass de Proteinrigel tatsächlech eng gutt alternativ fir eng sportlech Ernierung.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

 xx, Mira