Den Hierscht ass Kürbiszäit, sidd dir dem Trend och scho verfall?

Den Hierscht ass do an dat bedeit niewent kalen Deeg a waarme Pullovere virun allem eent: Kürbis. An dat net méi nëmmen an der Zopp mee ënner anerem am Kaffi, am Bakuewen, als Dessert an als Gewürz. De Pumpkin Spice Trend aus Amerika fënnt lues awer sécher och säi Wee bei eis. De Kürbis ass sou villsäiteg wéi seelen e Geméis. Ganz klassesch kënnt een natierlech de Kürbis als Bäilag oder an der Zopp. Oft gekacht gëtt mam bekannten Hokkaido-Kürbis, mee och aner Zorte wéi de Butternut-Kürbis, de Spaghettikürbis oder de Muskatkürbis maache Loscht ob vill ënnerschiddlech Rezepter. De Spaghettikürbis huet säi Numm, well den Inhalt wann e gekacht gouf ausgesäit wéi Spaghettisnuddlen. Also eng gesond Alternativ zu der gewinnter Pasta.

Mee Kürbis gëtt scho laang net nëmme méi mat gehäerzte Rezepter a Verbindung gesat. Ganz bekannt ass de Pumpkin Spice Latte. Wee sech schonn ëmmer gefrot huet aus wat den dann eigentlech besteet kritt lo seng Äntwert. Bei grousse Kaffiisskette gëtt en natierlech mat engem Sirop zoubereet. Ween et awer richteg maache wëll, de schëtt tatsächlech Kürbispüree a seng Taass an dann opgeschaimte Mëllech drop. Bei der Kaffi Variant kënnt nach en Espresso dobäi. Wichteg sinn d’Gewürzer wéi Kanéil, Muskot an Ingwer. Et stëllt een sech dat villäicht e bësse komesch vir, mee fir vill Leit gëtt et keen Hierscht méi ouni pumpkin spice. An dat kritt een da mëttlerweil och schonn als Gewürz fir domat de bekannte Pumpkin Pie aus den USA ze baken. Kürbis geet ëmmer an iwwerall. Kürbisgnocchi, Kürbisbrownie, Kürbis Curry. Maacht wourop och ëmmer dir Loscht hutt a wann dir mengt, do géif lo Kürbis passen, da sidd dir schonn ob der gewonnener Säit. Den Hierscht ass Kürbiszäit an iech si keng Grenze gesat.

xx, Mira