To Do am Hierscht

"We fall for fall" oder op mannst probéiere mir dat bescht aus der Joreszäit erauszehuelen, déi souwuel vill schéi Momenter, mee och vill ongemittlech Deeg mat sech bréngt. Virun allem an dëser besonnescher Situatioun probéiere mir dat bescht aus dem Hierscht ze maachen an dofir hunn ech iech hei eng kleng To Do Lëscht geschriwwen.

Profitéire musse mir virun allem vun de sonnegen Deeg am Hierscht. Ditt iech eng waarm Jackett un a maacht en Trëppeltour duerch de Bësch. Wann déi gold brong Blieder vun de Beem falen an d'Sonn doduerch schéngt kann ee mol eng kéier sou richteg duerchootmen. Mee natirlech erwaart eis am Hierscht och vill schlecht Wieder, dat gutt genotzt sollt ginn.

Binge watching op de Streaming Säiten? Wann net lo, wéini dann? Kuschelt iech an eng waarm Décke virun de Fernsee a kuckt mol erëm déi al Klassiker. Wann dir dann an engem Dag ebeemol scho bei der 3. Staffel sidd hëlt iech dat och keen Iwwel, et ass jo schliisslech Hierscht.

Zu menge Liblingsbeschäftegunge gehéiert an e Café ze goen a sech mat Schoki, Chai Latte oder Kaffi waarm ze halen. Wann een dat mat sengem Hierscht Buddy mëscht ass dat ganzt dann och Corona approved.

Laang waren se zou, lo dierfe mir se erëm ënnerstëtzen. D’Kinoen. An déi weisen niewend e puer neie Filmer och al Filmer, déi dir lo mol rëm eng kéier op enger grousser Leinwand kënnt gesinn. Dat bedeit fir eis vill Owender mat Popcorn a Kamellen.

Dat bescht um Hierscht? Et kann een sech mat décke Pulloveren apaken, mir dierfe rëm Käschten a Kürbis iessen an eis op déi kal Joreszäit freeën.

Den Hierscht ass villsäiteg, gemitterlech a lecker. Also genéisst en!

Lauschtert eran!

xx, Mira