Wat ass in fir d'Joer 2020?

De Summer-Kleederschaf ass ofgeschriwwen, mir si bereet fir d’Hierschtsaison an dat mat neien an alen Trends. All Joers ass eng kloer Tendenz ze erkennen an dat sinn dësen Hierscht definitiv déi karéiert Jacketten a Mäntel. Besonnesch beléift ass do den Tartan, besser bekannt als Schotte Muster. Laang Mäntel weisen sech dësen Hierscht sou erfollegräich wéi nach ni. Wat méi laang, kanteg a breet geschnidden, wat besser. Laang Mäntel a Kombinatioun mam Karo Muster sinn dann den Top fir dëst Joer. Mäi Feedback dozou? Natierlech hunn och ech schonn un e laange karéierte Mantel geduecht de virun allem mol eppes Neies am Kleederschaf wier. Firwat ech mir awer kee kaaft hunn? Well ech weess dass ech mech séier dru sat gesinn a mech d’nächst Joer um Muster géing stéieren. Wie sech awer net dovun ofschrécke léisst, den dierf sech dëst Joer zu den Trendsetter zielen. Soulaang et een net stéiert, dass een net den eenzegen am Karo Muster ass.

Mir kennen se nach vum leschte Joer an och dëst Joer hält den Trend weider un: d’Teddyjacketten. U sech hunn déi just Virdeeler. Si hale waarm, si stylesch a virun allem kuscheleg. Domat sidd dir da quasi ären eegene Petzi.

Natierlech gehéieren zum Hierscht awer och Pulloveren a Cardigans. Souwuel cropped oder extrem laang. Wann dir dorop da Boots unditt, e Mantel an eng Mutz, ass äre Look perfekt. Mutze sinn nämlech och dëst Joer nees beléift an dat an alle Faarwen. Vu Pastell mof a gréng bis zu klasseschen Hierscht Faarwe wéi brong, beige a schwaarz. Wann äre Look méi schlicht ausfält kënnt dir gäre mat ärer Mutz nach eng Grëtz méi Faarf an d’Spill bréngen. Mäi Motto ass: traut iech! Souwuel fir faarweg Mutzen, laang Mäntel oder Muster. Probéiert awer virun allem ären individuelle Stil ze fannen. Well den dréit een nach ëmmer am beschten.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira