E Stéck Schockelaskuch ouni Zocker? Dat geet!

Keen Zocker méi? Fir vill Leit keng einfach Decisioun. Zocker ass Gëft fir eise Kierper an awer fält et eis schwéier op Séisses ze verzichten. Dat muss een och net. Eng zockerfräi Ernierung ka genau sou villsäiteg a séiss sinn. Ech ginn hei vun engem Mënsch aus, den net opgrond vu Krankheete mee aus eegener Entscheedung op raffinéierten Zocker verzichte wëll. Raffinéierten Zocker ass virun allem wäissen a brongen Zocker den an der Produktioun bewosst dobäi gemaach gëtt a net wéi bei Friichte schonn natierlech dran ass. De Problem um Verzicht vu raffinéierten Zocker sinn net d‘Séissegkeeten oder den Zocker am Kaffi den ee wechloosse muss, mee virun allem déi Produite bei deenen een net mat Zocker gerechent hätt. Dozou gehéiere Produite wéi Ketchup, Jughurt, Vollkarbrout, Brittzopp an ageluechtend Geméis. Färdegeproduiten hu vill Zocker den net onbedéngt néideg wär, awer fir de Goût oder d’Halbarkeet dragemaach gëtt. Probéiert do ëmmer ob d’Inhaltsstoffer ze kucken a souvill wéi méiglech selwer ze maachen. Virun allem wat Zoossen an Dressingen ugeet. Déi kënnt dir einfach selwer maachen an hutt dobäi direkt eng méi gesond Variant. Ween eppes Séisses am Dag brauch, de soll dorop och net musse verzichten. Vill Hiersteller bidde mëttlerweil zockerreduzéiert Produiten un oder schaffe mat Alternativen. Natierlech séisse kann een zum Beispill mat Dattelen, Ahornsirop a Kokosblütenzocker. Mat deene Saache kënnt dir beispillsweis och selwer Desserte baken. Eng grouss Zockerfaal ass d’Gedrénks. Dass a Cola vill Zocker dran ass wësse mir. Mee genau sou geféierlech si vermeintlecht gesond Waasser mat Goût oder Orangëjus. Wann dir net komplett op Zocker verzichte musst, sollt dir iech och net verréckt maachen. Kloer ass e gudd Stéck Kuch vum Bäcker, en Orangëjus an heiansdo mol eng Cola net schiedlech. Mee wien e bësse méi Opmierksam a sengem Alldag wëll sinn, mierkt, wéi oft mir onnéideg Zocker iessen ouni et iwwerhaapt ze wëssen. Wee selwer kacht weess wat dran ass a wie seet bei engem Schockelaskuch schonn ne, den ouni Zocker ass an dofir awer genau sou gutt schmaacht? Also ech wär dobäi.

Lauschtert eran!

xx, Mira