Dir sidd krank oder wëllt iech preventiv schützen? Do kann Ingwer hëllefen. 

Mat de kalen Deeg gëtt de Risiko fir eng Erkältung och méi héich. Virun allem lo ass et wichteg sech ze schützen an d’Immunsystem ze stäerken. Vill Vitaminnen, waarmt Gezei an eng gutt Ernierung sinn d’Basis fir säi Kierper géint Viren ze schützen. Eppes wat eis dobäi ënnerstëtze kann ass Ingwer. Souwuel bei Erkältungen, bei Iwwelzegkeet oder bei Migrän kann Ingwer hëllefen. E wierkt géint Entzündungen an aktivéiert den Daarm. An der traditioneller chinesescher an indescher Medezin gëllt Ingwer als e Mëttel dat vu bannen heelt a wiermt. E soll souguer Muskelverspanunge léise kënne wann een sech eng Ingwerwéckel mëscht oder déi geriwwe Knoll an d’Bidde schëtt. Typesch gëtt Ingwer awer am Téi gedronk. Am beschte mat der Schuel a kleng Stécker schneiden, well wat dir méi dacks an d’Knoll schneit, wat d’Wierkung méi héisch ass. Mäin Tipp bei Halswéi: Drénkt niewend dem Téi och kaalt Ingwerwaasser. Duerch d’Schäerft reduzéiert sech de Wéi am Hals an zousätzlech hutt dir och nach déi medezinesch Wierkung. Ween nach en extra Goût a nach méi Vitaminne gär hätt, de kann nach eng Zitroun draschneiden. Ingwer ass awer net nëmmen da gutt wann dir krank sidd, mee virun allem och preventiv. Ingwershots déi een ze kafe kritt an aus héisch konzentréiertem Ingwer bestinn, kënnt dir och doheem selwer maachen an domat äert Immunsystem boosten. Doniewent ass Ingwer natierlech och e ganz normaalt Gewürz mat dem gekacht gëtt. E schmaacht gutt, ass gesond a wierkt sech positiv op eis Gesondheet aus! Wat wëll ee méi.
Ech géif Ingwer da mol als meng perséinlech Wonnerknoll fir de Wanter betitelen. A wann eppes kloer ass, dann dass dëst Joer d’Gesondheet am Fokus steet. Halt iech fit a bléift gesond!

Lauschtert eran!

xx, Mira