Online bestellen a gläichzäiteg op d'Ëmwelt Récksiicht huelen, dat geet! 

Online Shopping, Verpackungsmaterial, CO2 Verbrauch. Alles oncool, an awer dëst Joer erëm méi beléift. Mir waren esou gutt ënnerwee ëmmer méi Ëmweltbewosst ze ginn a manner online ze bestellen, bis dass eis Corona gezwongen huet méi doheem ze setzen. Méi doheem sinn, méi Zäit hunn heescht da fir vill Leit eent: Online Shopping. Och ech muss mech schëlleg bekennen. Obwuel ech drop verzichte wollt, huet mech déi ganz Situatioun dozou verleet méi online ze kafen. Et ass jo schliisslech mat manner Risiko verbonnen doheem ze bleiwen, wéi duerch Shoppingzenteren ze lafen. Mir dierfen d‘Bewosststi fir eis Ëmwelt awer net verléieren. An do ginn et e puer Tricks, wéi een e bësse méi Ëmweltbewosst bestelle kann. Ech weess, dat ass e Paradox, mee wann et net aneschters geet, da probéiere mir et wéinstens sou ökologesch wéi méiglech ze maachen. Net nëmmen d'Verpackunge sinn e Problem, mee virun allem och den CO2 de bei Liwwerungen entsteet. Fir dat ze ëmgoe kënnt dir dorop oppassen, dass ären Händler mat ëmweltfrëndleche Verpackunge schafft. Do fänke mëttlerweil souguer grouss Onlineportaler un drun ze schaffen. Dir selwer kënnt awer och schonn dorop oppassen, dass dir iech är Produiten net a lauter Eenzeldeeler liwwere loosst. Da waart ee léiwer e bësse méi laang op seng Wuer a kritt dofir alles zesumme geschéckt. 
E weidere Faktor sinn Transportweeër. Kuckt fir sou mann wéi méiglech ausserhalb vun Europa ze shoppen a méi op kuerz Weeër ze sëtzen. Verschidden Händler bidde souguer e klimaneutrale Versand un.

Ausserdeem kënnt dir dorop oppassen, dass dir iech är Saachen da liwwere loosst wann dir och doheem sidd. Wann de Noper är Päck net unhëlt, ginn déi nämlech rëm zréck geschéckt oder en aneren Dag nach eng kéier geliwwert. An dat kascht rëm onnéideg Energie. Virun allem gëllt awer, iwwerleet gutt wat dir braucht, ob déi Bestellung wierklech néideg ass an ob dir et net an engem klenge Geschäft an ärer Géigend kritt. Och déi Leit sinn an dësen Zäiten ob eis Hëllef ugewisen a brauchen Ënnerstëtzung.

Lauschtert eran!

xx, Mira