Gesond bleiwen, fit bleiwen, doheem sinn. Dat geet!

Doheem bleiwen ass d’Motto vun dësem Joer. Mee dat soll net dozou féieren, dass mir eis manner beweegen. Och am home office ass et wichteg fit ze bleiwen. Virun allem ass d’Beweegung awer wichteg fir eis Gesondheet an dofir hunn ech iech mol eng kleng Lescht gemaach, wéi mir fit duerch dës Zäit kommen:

Ween haaptsächlech am home office schafft, de soll onbedéngt fest Pausen aplangen a raus goen.  Et kann awer och schonn duer goen reegelméisseg vum Stull opzestoen an duerch de Raum ze trëppelen. Sou sammelt dir e bëssen Energie fir déi nächst Stonnen a kuckt virun allem net de ganzen Dag op e Bildschierm. Wann dir all Stonn 250 Schrëtt gitt, hutt dir äert Dageszil erreecht.

Wann dir gäre weiderhin un ärer Fitness schaffe wëllt, da fannt dir niewent lafe goe vill Méiglechkeeten och doheem Sport ze maachen. Ech sinn zum Beispill e Fan vu Youtube Workouts. Vill Sportler weisen do schonn a kuerzen 10 Minutte Videoe wéi een sech fit hale kann. A si mir mol éierlech, 10 Minutte fënnt jiddereen am Dag.

Wee net nëmme fit bleiwen, mee och nach Muskelen opbaue wëll, de kann sech mat einfachen Tricks säi Fitness doheem opbauen. Kloer, Hantelen a Gewiichter si flott, mee net jiddereen ass sou gutt equipéiert. Gefëllte Waasserfläsche bréngen iech och scho schnell Gewiichter, mat deenen een trainéiere kann. Oder der huelt einfach e Kuerf a geheit alles dra  wat schwéier ausgesäit. Positiven Nieweneffekt: d’Wunneng wierkt dann och direkt méi geraumt.

Eng Yogamatt ass awer tatsächlech e Muss fir den Homegym. Dat motivéiert iwwregens direkt e bësse Yoga ze maachen a Kierper a Séil an Aklang ze bréngen. A wie mengt Yoga wär kee Sport... probéiert et!

Kloer gëllt awer, dass jiddereen dat mécht wat engem gutt deet. Schonn eleng an der frëscher Loft spadséieren ze goe verbrennt Kalorien, mécht gesond a suergt fir gutt Laun. Wëll déi solle mir virun allem ëmmer bäibehalen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira