Adventskalenner kafe war gëschter, mir maachen e selwer! 

Advent Advent. Et geet lass, mir dierfen erëm all Dag eng Dierche vum Adventskalenner opmaachen. Mee wouhier kënnt de Brauch eigentlech? Den Ursprong dovu kann ee bis an d'19. Joerhonnert zeréck verfollegen. De Prinzip dovunner ass ee ganz einfachen: d'Deeg bis Chrëschtdag zielen. Oft gouf dat gemaach andeems Kanner mat Kräid Strécher molen duerften oder 24 Biller opgehaange gi sinn. Bei de Katholicke gouf zum Beispill all Dag een Hallem aus Stréi  an d’Krëpp geluecht. Aner Forme fënnt een och: esou gouf emol all Dag eng Käerz ugefaange bis déi bei déi nächst Markéierung ofgebrannt ass.
Mir kennen den Adventskalenner awer mëttlerweil virun allem mat Dieren déi een op mécht an hannert deenen sech Schockela verstoppt. Wat eigentlech méi fir Kanner geduecht war, gëtt et hautzedaags awer och fir Erwuessener. En Adventskalenner besteet scho laang net méi nëmmen aus Schockela. Sou ginn et beispillsweis Adventskalennere mat Gin, Béier, Gewürzer, Kosmetik Artikelen, Adventskalenner fir Koppelen… jo et gëtt alles wat een sech wënsche kann.

Wien dëst Joer senge Léifsten eng besonnesch Freed maache wëll, dee kann den Adventskalenner och einfach selwer maachen. Et geet schonn duer kleng Säckelcher ze kafen, un enger Schnouer opzehänken a kleng Artikelen dranzeleeën déi där Persoun Freed maachen. Villäicht mol eng Séissegkeet, eng Handcrème, e geschriwwene Message oder e Bong fir e selwergemaachent Iessen. Gidd kreativ a verschéinert äre Léifsten den Dezember. Oder dir maacht et wéi ech a kaaft iech selwer en Adventskalenner mat äre Liblingsproduiten dran. Haaptsaach mir maachen eis am Dezember eng schéin Zäit! A wat gëtt et méi Flottes wéi ze wëssen, dass all Dag e klenge Kaddo op ee waart.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira