Dëst Joer brauch keen op e Chrëschtmaart ze verzichten, mir huelen eis en heem!

Dobaussen an der Keelt stoen, e waarme Glühwäin drénken a lecker Saachen um Chrëschtmaart iesse soll dëst Joer ausfalen? Falsch! Mir maachen dat einfach doheem! Ech bréngen de Chrëschtmaart an är Stuff an dat mat e puer einfachen Iddien:

Dass ee fir e Chrëschtmaart doheem Glühwäin a Punsch brauch ass ganz kloer. Dee kënnt dir souguer selwer maachen oder scho fäerdeg kafen. Mee e Chrëschtmaart huet nach souvill méi ze bidden an och dat huele mir eis elo heem. Fänke mir mat der Deko un, hutt dir scho gerëscht? Wann net da gëtt et elo héischt Zäit. Déi richteg Stëmmung kënnt dir iech mat Chrëschtdeko, e puer Käerzen a Luuchten och doheem zauberen. D'Musek am Hannergrond ersetzen dann dëst Joer d'Concerten dobaussen. Dat gutt dorun? Dir dierft sou haart matsange wéi dir wëllt, lo héiert et keen. Dee gréissten Deel um Chrëschtmaart hëlt wuel d'Iessen an. Ech ginn et zou, dass vill Saachen dovun net esou einfach nozemaache sinn. Mee mir konzentréieren eis mol ob dat wat einfach geet: zum Beispill Käschten am Schäffchen. Oder eng Crêpes mat Schockelasbotter. Och Gromperekichelcher kënnt dir doheem selwer maachen. Einfach Grompere rappen, eng Zwiwwel a Péiterséileg dra schneiden, en Ee dran an am Ueleg ubroden. Fir dat ganzt sou richteg Chrëschtmaart méisseg ze maachen, baut dir einfach puer Statiounen op. Zum Beispill mat leckerem Liefkuch, Spekulatius a gebrannte Mandelen. Wann dir dann dobaussen en Tour trëppele gitt an iech doheem äre Chrëschtmaart erwaart, dann hutt dir dëst Joer bal näischt verpasst. E besonnescht Joer brauch eben och besonnesch Chrëschtmäert.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

 xx, Mira