Hutt dir schonn all d'Kaddoen?   

Dëst Joer war anescht wéi mir dat geplangt haten. Villäicht ass dëst Joer dann och mol de richtegen Zäitpunkt d'Kaddoen un eis Lag unzepassen. E besonnescht Joer fuerdert och e besonnesche Chrëschtdag an dofir hunn ech iech mol e puer Iddie fir alternativ Kaddoe rausgesicht, déi an d'Joer 2020 passen. Natierlech e bësse méi kreativ wéi Toilettëpabeier.

Fir de Foodie an ärer Famill gëtt et wuel genuch wat ee schenke kann: Gewürzer, Kachbicher, nei Bakformen. Wat dir awer och maache kënnt ass en Owend organiséieren, bei dem dir all zesumme kacht. Gleeft mir, ech schwätzen als Foodie aus Erfarung: zesumme mat eise Léifsten iessen, dat mécht eis besonnesch frou.

Fir de Cocktaillover: Mir hunn en all an der Famill. Den, den sech mam Gedrénks auskënnt. Sief et de beschte Wäin oder déi neiste Gin-Kreatiounen. De Cocktaillover freet sech iwwert all ausgefalen Iddi déi mat Gedrénks ze dinn huet. Wéi wär et mat engem Buch an deem genau dra steet, wéie Gin mat wéinegem Rezept preparéiert gëtt? Him kënnt dir fir Chrëschtdag dann och mat guddem Gewëssen d’Bar iwwerloossen.

Fir Kanner war dëst Joer besonnesch schwéier. Sie hunn sech missten domat offannen, gedëlleg an der Home School ze setzen. Wéi wär et mat engem groussen Ausfluch, wou dir all är Energie sou richteg kënnt rausloossen? Kanner mécht et scho glécklech, wann d’Famill zesumme kënnt. A wann een dann Owes eng Grimmel méi laang opbléiwe kann, an de Schocki mat extra vill Schockela ass, da bréngt dir déi Kannerae séier zum Stralen.

Fir de Partner oder d'Elteren huet eng Libeserklärung dëst Joer nach méi Bedeitung. No enger haarder Zäit schätzt ee wat een un dem aneren huet nach méi an dat soll een engem och roueg soen. Ech weess, et ass net ëmmer einfach iwwert Gefiller ze schwätzen. Dofir kënnt dir déi och opschreiwen. Do ginn et souguer extra Bicher fir auszefëllen. Dëse Chrëschtdag solle mir all d’Häerz op der Zong leien hunn a bei de Kaddoe kënnt et net ob hier Gréisst an ob de Präis un, mee ganz einfach nëmmen, wéi vill Bedeitung dir mat schenkt.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira