Mir huelen eis déi beschte Chrëschtdagsdrinks heem an d'Stuff

Egal wéi mir d'Chrëschtzäit verbréngen, mir maachen eis et schéin doheem. Niewent guddem Iessen ass natierlech eppes immens wichteg, an zwar Gedrénks. An do kënnt dir gäre méi kreativ ginn:

Den absolutte Klassiker ass de Glühwäin. Kann e fäerdeg kafen, muss een awer net. Einfach eng Fläsch Wäin am Dëppe waarm maachen a mat Kanéil, Hunneg a frëschen Orangescheiwen zéie loossen.

Lo gi mir awer mol méi kreativ, an zwar mat Ginger Grog. Dat Gedrénks wat haaptsächlech aus Rum besteet gëtt an der spezieller Variant mat Ginger ale zoubereet. Zousätzlech nach eng Sprëtz Zitrounejus a fir d’Optik eng Scheif Ingwer dramaachen. A scho kënnt dir mat engem Gedrénks punkte wat net jidderee kënnt.

E normale Béier fir Chrëschtdag? Vill ze langweileg. Mir maachen e waarm a nennen e Glühbéier. Klengt komesch, schmaacht awer. Dir musst dofir donkele Béier huelen a liicht erhëtzen. Ob 1 Liter Béier kënnt 1 Iessläffel Hunneg a 35g brongen Zocker. Dat ganzt dierf awer net kachen. Dono komme Gewürzer wéi Kanéil, Nelken a Sternanis dran. Zum Schluss schëtt dir dann nach 25ml Rum, e bëssen Zitrounejus an 160ml Kiischtejus dran a fäerdeg ass äre Glühbéier.

Mir wëlle Chrëschtdag awer net nëmme mat Alkohol verbréngen. Fir kreativ Gedrénks ass den nämlech absolut net néideg. Och Punsch kënnt dir selwer maachen oder e waarme Schocki. Einfach donkele Schockela a waarm Mëllech leen, e bësse Kanéil dobäi an zum Schluss nach mat klenge Marshmallows dekoréieren. Wichteg bleift einfach: Gitt kreativ a maacht et iech waarm em d’Häerz.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira