Chrëschtdag eleng doheem? Mir maachen eis et schéin 

Happy Chrëschtdag. An och wa mir op verschidden Traditioune verzichte mussen, maache mir dat bescht draus. An dat zum Beispill mat mengen Tipps:

Dat wat eis all am meeschte beschäftegt ass, dass mir eis Léifsten net kënne gesinn. Mir dierfen awer net vergiessen dass mir dat just maache fir si ze schützen an och domat hinnen eis Léift weisen. Gott sei Dank liewe mir awer am Zäitalter vun der Digitalisatioun a mir kënnen iwwer Videochat mat der Famill kommunizéieren. Setzt iech eng fest Auerzäit an der dir iech all mat engem Stéck Bûche virun d'Kamera setzt a spillt zesumme Spiller oder loosst dat lescht Chrëschtdag revue passéieren.

Nëmme well mir eis net kënne gesinn, heescht dat net, dass mir keng Kaddoen dierfe verdeelen. Schéckt e Pak voller Klengegkeeten un d’Famill a loosst d’Post Chrëschtkëndche spillen. Oder stellt ärer Famill e Kaddo virun Dier. Déi kleng Geste maachen dëst Joer besonnesch frou.

Chrëschtdag doheem huet och nach sou vill méi ze bidden. Hutt dir schonn all Chrëschtdagsfilm gekuckt? Vun den ale Klassiker bis zu de neie Filmer dierft äre Programm gefëllt sinn.

Nëmme wëll dir kaum Gäscht empfaangt heescht dat net, dass net dierf lecker gekacht ginn. Sicht iech e neit Rezept wat dir schonn ëmmer eng kéier probéiere wollt. Wann et näischt gëtt, beschwéiert sech lo och keen.

Zu gudder Lescht ass et wichteg, sech och eleng doheem flott unzedoen, sech wuel ze fillen an dëse Chrëschtdag besonnesch ze maachen. Denkt virun allem drun: Egal wéi anescht et dëst Joer ass, wa mir richteg handele bleift et just eng Ausnam an d'Virfreed ob dat nächst Chrëschtdag gëtt ëmsou méi grouss. Villäicht wësse mir eis Famill an déi Feierdeeg nächst Joer och e bësse méi ze schätzen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

Schéi Chrëschtdeeg, Mira