2021 mat enger gudder Astellung ufänke loossen

De Moment ass komm. Mir kënnen endlech mat dësem Joer ofschléissen. Mee wéi kann een dann elo an e Joer starten, vun dem ee weess dass et eng Challenge gëtt?

Punkt 1: Dëst Joer wësse mir wéinstens wat eis erwaart a kënnen dat ganzt och méi bewosst ugoen. Setzt iech kleng perséinlech Ziler, déi dir och onofhängeg vun all Situatioun erreeche kënnt. Zum Beispill eng schlecht Gewunnecht ofleeën. Wee sech wéi all Joer d’Zil setzt, méi sportlech ze ginn, fënnt keng Ausrieden dat net emzesetzen. Dir kënnt ëmmer an iwwerall un ärer Sportlechkeet schaffen. D'Basis dofir ass virun allem d'Ernierung an är Kachkënscht hutt dir bestëmmt mat Banannebrout a Co am leschte Joer verbessert. Also loosse mir eis dat neit Joer gesond ufänken, villäicht mat engem Avocadobrout-Trend anstatt vum Banannebrout.

Wee sech nach 2020 de Virsaz iwwerluecht huet manner Suen auszeginn, ka sech fir dat neit Joer virhuelen seng Sue bewosst auszeginn an domadder zum Beispill d'Gastronomie a kleng Geschäfter ënnerstëtzen. Einfach mol méi Drénkgeld ginn, a lokal akafe goen.

Wichteg fir dat neit Joer ass virun allem mat klenge Schrëtt unzefänken a sech e positive Mindset virzehuelen. Dankbarkeet, Gesondheet a Léift sinn déi Saachen déi zielen, souwuel am Joer 2020 wéi och am Joer 2021. A bei eppes si mir eis sécher, et kann nëmme besser ginn.

E gudde Rutsch, Mira

Lauschtert eran!