Neit Joer, al Virsätz. Mee dëst kéier richteg!

Neit Joer, nei Virsätz. Mir kënnen se all, hunn eis op mannst schonn een dovunner virgeholl an net ëmgesat. Ech verroden iech, wéi dir déi top trendy Virsätz villäicht dëst kéier wierklech realiséiert.

Fänke mir mam grousse Klassiker un. "Ech halen op mat fëmmen an am beschte vun engem Dag op den aneren". Ka klappen, klappt awer oft net. Amplaz radikal opzehalen ass et méi warscheinlech säin Zil ze erreechen, andeems een de Konsum lues a lues reduzéiert. Wat den een Dag nach 5 Zigaretten, waren, sinn déi Woch drop nëmmen nach 3. Bis dass dir vergiess hutt, dass dir haut eigentlech nach hätt dierften eng fëmmen.

Genau sou ass et mam Alkohol. Wee sech eng Challenge setze well an de Januar keng Drëps Alkohol drénke wëll, de soll dat natierlech radikal duerchzéien. Wann dir awer generell eppes un ärem Konsum ännere wëllt, da gëllt och do: lues reduzéieren an dat op laang Dauer duerchzéien.

Ganz bekannt ass den „Am nächste Joer maachen ech méi Sport". Ma Gott sei Dank hu mir all e neit Joer ugefaangen a kënnen dat och direkt ëmsetzen. Wee seng Fitness steigere wëll, de soll sech virun allem eppes siche wat em Spaass mécht. Villäicht motivéiert jo en Danz Workout méi, wéi e radikalen Hiit Training. Ween awer kompletten Ufänger ass, de soll sech kleng Ziler setzen. Wann et iech schwéier fält iwwerhaapt unzefänken, da probéiert einfach mol méi oft spadséieren ze goen an domat Schrëtt ze sammelen. Da baut dir lues a lues e klenge Workout an, bis dass dir iech och un déi grouss Saachen eruntraut. D' Motivatioun ass dat wat zielt, an déi dierfen mir net ze fréi mat ze groussen Erausfuerderunge killen. Kloer ass awer, jidderee muss säi Wee fannen a wien sech nëmme pusche kann, wann e radikal mat eppes ophält oder ufänkt, fir den dierft dann och de Wee de richtege sinn.

Also let's go, dir packt dat!

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira