Wéi gi mir séier mat eisen Akeef fäerdeg? 

Mir wëllen eis all sou mann wéi méiglech am Supermarché ophalen. Et ass einfach verlueren Zäit a wéi mir all wësse gëllt et am Moment grouss Menschenusammlungen ze vermeiden. Mee wéi kritt een et hin séier aus engem Supermarché rëm raus ze sinn an awer un alles geduecht ze hunn? De Schlëssel dofir ass ganz einfach Struktur.

Wann dir ären Akafsziedel schreift da probéiert direkt alles no de Rayonen ze uerdnen. Schreift iech op, wat dir alles un Uebst a Geméis braucht, u Fleesch a wéi eng Mëllechproduiten an ären Akafsweenche mussen.

Dat zweetwichtegst ass Rou. Wann dir gestresst sidd an nëmmen nach schnell eppes akafe musst, braucht dir schlussendlech duebelt sou laang. Mat ärem Akafsziedel am Grapp kann iech näischt aus der Rou bréngen an dir sidd och méi schnell fäerdeg.

De Bic ass äert Hëllefsmëttel. Soubal dir eppes an de Weenche geluecht hutt, sträicht dir et op der Lescht duerch. Da behaalt dir och den Iwwerbléck an dat Stéck Schockela wat net drop stoung, fält och net op.

Wann iech dann awer nach d’Panik kritt, wëll dir mengt dir hätt iergendeppes wichteges fir äert Iessen den Dag vergiess, da schreift direkt äre Menü fir déi kommend Deeg mat Stechwieder op den Ziedel. Sou wësst dir och nach wat dir kache wëllt a kënnt spontan kontrolléieren op dir alles dofir hutt.

Ganz zum Schluss kontrolléiert dir nach eng kéier op alles op ärem Ziedel duerchgestrach ass a scho war ären Akaf séier, effizient an dir hutt och sécher un alles geduecht.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira