Virun allem am Wanter gëtt eis Haut ëmmer méi dreschen. Wat kann ee géint dresche Lëpse maachen? 

Dresche Lëpsen am Wanter? Mir kennen et all. Fir dreschen Haut ze vermeide probéiere mir mat ganz vill Crèmen dem entgéint ze wierken, maachen do awer heiansdo méi falsch wéi gutt. Wéini brauch d'Haut Fiichtegkeet a wéini ass ze vill einfach net gutt? Virun allem an eisem Gesiicht mierke mir schnell wann eis Haut ze dreschen ass. Lëpse räissen an a spieren sech net gutt un. Ganz schnell gräife mir dann zu engem Lëppsebalsam. Dono fillen sech d'Lëpsen zwar direkt vill besser un, de Problem ass awer net geléist an dat ganzt ka sech verschlëmmeren. D'Haut hëlt d'Fiichtegkeet op, dréchent dono awer vill méi séier aus. Also kënnt nach eng Schicht Balsam drop an den Däiwelskrees ass lancéiert. Wann är Lëpse wierklech dréche sinn, lount et sech eng fetteg Crème ouni Parfum drop ze maachen. Heibäi sinn d'Inhaltsstoffer wéi Ueleg, Wues a Fett wichteg. Lëppestëfter fir d'Fiichtegkeet mat Aroma a Faarfstoffer suergen oft nëmmen dofir, dass är Lëpsen nach méi séier ausdréchnen. Net nëmmen déi kal Loft an d'Heizungsloft sinn de Problem fir dresche Lëpsen. Dir kënnt iech och d’Fro stellen ob dir genuch gedronk hutt an dir iech richteg ernäert. Dreschen Haut ass ëmmer och en Hiweis fir ze wéineg Flëssegkeet am Kierper. Wann et iech wéi mir awer schwéier fält vill ze drénken, da maacht iech eng Zitroun oder Uebst an d'Waasser. Doduerch kritt et e Goût an dir hutt keen zousätzlechen Zocker dragemaach. Oder probéiert mat Téi méi Flëssegkeet ze drénken. Ze wéineg Vitaminne kënnen och e Grond fir dreschen Haut sinn, souwuel un de Lëpse wéi och iwwerall um Kierper. Wann dir generell zur dreschen Haut tendéiert, dann investéiert an eng gutt Crème, déi extra fir är Haut konzipéiert gouf. Dir kënnt iech do och ëmmer vun ärem Hautdokter berode loossen. Huele mir eis dann einfach mol dëst Joer vir an eis selwer ze investéieren. Eng angeneem Haut bréngt direkt en anert Kierpergefill.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira