Trotz Make-up en natierleche Look kreéieren!

Natierlech schéin, dat ass de Beauty Trend fir dëst Joer. Villäicht gëtt et do och e klenge Virus den dofir suergt, dass mir manner Make-up benotzen. Mee wann et fir eppes gutt ass, dann dass mir fir Natierlechkeet stinn. Dat heescht awer net dass dir iech guer net schminken dierft, am Géigendeel. Wann et zu ärem Alldag gehéiert an et iech Spaass mécht, da soll genau dat bäibehale ginn. D’Zäiten an deene mir doheem net méi no eiser Optik gekuckt hunn sinn elo eriwwer. Mir maachen erëm eppes aus eis, just eben am "natural beauty look". Duerch d'Maske fält de Lëppestëft oft fort an eis Routine gëtt verkierzt. Mir kreéieren awer lo e Look, de souwuel doheem, beim akafen oder och op der Aarbecht a virum Bildschierm klappt. Ganz wichteg ass do de Concealer.
Wann d'Aëreefer net wëlle verschwannen, dann ass dat d'Wonnermëttel schlecht hin. Wann dir dono nach är Wimperen tuscht, sinn är Ae betount an awer nach natierlech.
Wee gär géif ausgesi wéi wann en an der Vakanz gewiescht wär, de ka sech mat engem Bronzer de Summer an d’Gesicht zauberen a fir Konture suergen.
Lo feele just nach d'Lepsen an dir hutt richteg héieren. Och déi däerfen endlech mol erëm gefierft ginn, just eben am nude Look. Wann dir dann d’Mask undoe musst, hutt dir och kee richtegen  Ofdrock an et gesäit een och net wann eppes verschmiert ass.

D’Männer dierfen och stylen. Eng gefleegten Haut ass net nëmme schéin, mee och nach wichteg, wann d’Haut duerch d’Mask manner Fiichtegkeet kritt. Är Hoer an äre Baart kënnt dir och weiderhin nach stylen an dat fält och virum Laptop positiv op.

Generell gëllt awer fir all Geschlecht, maacht genau dat ob wat dir Loscht hutt. Och en opfällege Make-up kann engem mol erëm e bessert Gefill ginn a wann een Owes net méi feiere kann, da maache mir dat mat eisem Make-up am Dag. Eng gefleegten Haut an e gesonde mindeset ass eben ëmmer schéin. Mat an ouni Make-up!

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira