Se ass bequem, déi perfekte Basis an am Trend: D'Leggings

Kaum e Kleedungsstéck ass esou beléift a gëtt gläichzäiteg sou gehaasst wéi d'Leggings. Als zweet Haut ass se super bequem, domadder awer och kriddeleg an der Kombinatioun. Et goufen Zäiten an deenen sech kee méi getraut huet eng Leggings unzedoen. Lo ass se awer rëm sou beléift wéi ni. All Figurentyp dierf mat Stolz op de Leggings-Trend opsprangen. Mee Leggings ass nach laang net Leggings.
Besonnesch wichteg ass dorop opzepassen dass se net duerchsichteg ass oder Ofdréck vun der Ënnerwäsch mécht. Sollt dat de Fall sinn da musse mir dorop oppassen, och eng laang Blus oder e Pullover driwwer unzedoen.
Et ginn awer och Leggings déi ausgesi wéi eng normal Box, extra waarm halen, high-wasted sinn oder duerch hiren enke Stoff schéi Bee maachen. Virun allem mat héische Schong an engem Blazer hutt dir direkt en elegante Look. Dir kënnt dësen awer och mat Sneakers kombinéieren, wat am Moment mäin Highlight ass. Egal wat dir drop unditt, wann d'Schong flott sinn, ass ärt Outfit flott.
Dëse Wanter huet een och vill d’Leggings mat engem Schlitz um ënneschte Been entdeckt. Sou kritt se en anere Flair an ass manner sportlech.
Wou mir och scho beim Thema Sportleggings wären. Och déi gesäit een ëmmer méi am Alldag. Sief et wann ee vum Fitnessstudio nach schnell an de Supermarché sprange muss. Fir eng Leggings brauch sech kee méi ze schummen.
En absolutt NO GO gëtt Trend an dat si Leggings mat Print. Virun allem animal print mee och all anert Muster fënnt een op Leggings déi e richtegen Highlight kënne sinn. Do sollt dir awer virun allem oppassen uewe méi dezent gekleet ze sinn. En unisfaarwege Pullover oder e liichte Mantel brénge Rou an äre Look, ouni em säi Statement ze huelen.

Wichteg ass: mir dierfen. Schwaarz Leggings, Pink Leggings, Leo Leggings. Experimentéiert mat dem bequeme Stil an da beschwéiert sech och kee méi, wann e no der Pandemie nach muss eng Jeans Box undoen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira