Tipps wéi mir manner Plastik a méi alternativ Verpackungen notze kënnen!  

Beim Akafe manner Plastik ze benotzen ass heiansdo eng richteg Challenge. Dass een säin eegenen Akafskuerf dobäi soll hunn sinn d'Basics. Mee wou kann ee wierklech mat Verpackunge spueren? Bal an all Supermarché kritt ee mëttlerweil Tute fir Uebst a Geméis, déi een ëmmer rëm benotze kann. Mee wat maache mir wa mir dëst alt rëm vergiess hunn? Eenzelt Uebst a Geméis kann een och roueg mol sou an de Wënsche leeën. Wëll mir doheem souwisou alles gutt wäsche mussen, mëscht dat kee groussen Ënnerscheed. Eng méi grouss Erausfuerderung sinn allerdéngs Jughurten. Do gräifen Hiersteller mëttlerweil zu Verpackungen, bei deenen een de Kartrong ronderëm recycléiere kann. Oder nach besser: dir huelt direkt eng Verpackung aus Glas. Bei der Kéis Théik oder beim Metzler kënnt dir och dorop oppassen, wéi agepaakt gëtt an zum Beispill ob déi zousätzlech Plastik Tut verzichten.

Wann dir déi nächste kéier Eeër kaaft, déi een sech selwer zesummestelle kann, da bréngt dach einfach d’Verpackung vun der leschte kéier mat a vermeit sou ëmmer eng nei mussen ze huelen. Dat gëllt virun allem an deene Supermarchéen, déi onverpaakt Saache verkafen. Wann dir d'Chance hutt sou een an ärer Géigend ze hunn da profitéiert dovun. Dir kënnt do är eege Behälter wéi Glieser a Säck aus Stoff matbréngen, an iech souvill Nuddelen, Müsli a Miel huele wéi dir och wierklech braucht. 
Vill grouss Supermarchéë bidden ëmmer méi Statiounen un, bei deenen dir är Nëss an dréche Liewensmëttel wéi Bulgur a Quinoa selwer mixe kënnt. Och wann ee just zum Deel seng Verpackunge reduzéiere kann, ass mat all klengem Geste eng grouss Wierkung erziilt. Als klengen Tipp wann dir am Ufank nach iwwerfuerdert sidd:  Kuckt einfach an ärem Supermarché e bësse ronderëm iech. Da falen iech oft vill Alternativen op, bei deenen dir onnëtz Verpackungsmüll spuere kënnt, ouni dass et iech aschränkt.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira