Si Juskueren eigentlech gesond?

Den Detox Januar ass eriwwer, de gesonde Lifestyle wëlle mir awer bäibehalen. Ganz am Trend sinn déi sougenannte Juskueren. Also eng cleansing Kuer, an där een sech e puer Deeg just vu Smoothien a Jusen erniert fir de Kierper ze rengegen. Oft kritt een sou Kuere fäerdeg ze kafe bei deenen d'Jusen nummeréiert sinn a sou eng Richtlinn fir den Dag virginn. Niewelaanscht dierf een dann awer nach  Téi, Brittzopp a Waasser drénken.

Mee wéi funktionéiert sou eng Kuer a wat bewierkt se fir de Kierper? Doduerch dass ee keng ongesond Fetter a keen Industrie-Zocker zou sech hëlt, konzentréiert sech de Stoffwiessel dorop Fett a Kuelenhydrater am Kierper ofzebauen. Mat Jusen aus Geméis an Uebst gëtt een dem Kierper dann déi néideg Vitaminnen déi ee brauch. Beléift sinn déi Kueren oft fir e Start an eng méi gesond Ernierung. Mee opgepasst, eng Juskuer ass net fir jiddereen eppes, net ëmmer gesond a kann oft e géigesätzlechen Effet bewierken.
Wann dir Problemer mat ärer Gesondheet hutt oder et iech schwéier fält zouzehuelen, si Juskueren absolut ze vermeiden. Si strengen äre Kierper onnéideg un. Och wann dir ofhuele wëllt ass sou eng Kuer déi falsch Strategie. Dir gesitt villäicht no e puer Deeg e Resultat, e 'Jojo Effekt' ass awer bei falschem Ëmgang net ze vermeiden. Besonnesch duerch e liichte konstanten Honger wärend der Kuer, hutt dir d’Bedürfnis den och rëm méi schnell ze stoppen.
No enger Juskuer ass et nämlech wichteg de Kierper rëm lues a lues un d'Iessen ze gewinnen. Ufänger sollen do och just 1 bis maximal 3 Deeg wielen an dat ganzt mam Dokter ofklären. Wichteg ass och, dass an de Jusen all déi wichteg Närstoffer ofgedeckt sinn.

Wann dir sou en Detox maache wëllt, da frot iech fir d’éischt ob dir en aus deene richtege Grënn maacht. Fir ofzehuelen ass eng Juskuer näischt.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira