D'Wieder ännert an domat och eise Kleederschaf!

Mir kënnen d'Fréijoer kaum erwaarden. Déi waarm Temperaturen heeschen net nëmme besser Laun a méi Sonn, mee virun allem och en anere Kleederschaf. A wann eppes freet mécht, da rëm méi Zäit dobausse kënnen ze verbréngen, natierlech mam passenden Outfit. Är Jeansbox am Schaf ass d'Basis fir är Looks am Fréijoer. Kombinéiere kënnt dir déi zum Beispill mat engem ale Klassiker. Den Trenchcoat. D'Mëschung aus dem klasseschen Trench mat ärer lässeger Jeans suergt fir gutt Laun an deenen nächste Méint. 
Net ewechzedenken ass ausserdeem d'Jeanshiem. Double Denim war schonn ëmmer in a soll et dann och weiderhi bleiwen. Wichteg ass dobäi just, dass de Faarftoun net ze ënnerschiddlech ass. Dobäi stylesch Sneaker a villäicht och ären Trenchcoat an äert Outfit ass perfekt. 
Wien et da gäre méi schick hätt, dee kombinéiert seng Jeans am beschte mat engem Blazer. Dee Stilbroch aus lässeg a klassesch suergt net nëmme fir Opmierksamkeet, dir hutt domat och nach déi perfekt Iwwergaangsjacket.

Beim leschten Outfit ass et da lo ganz offiziell, d'Moud am Fréijoer steet fir e Stilbroch aus schick a Basic. Eng wäiss Bluss ass do äre Fashion must have. Se kënnt aus der Kategorie spiesseg, ass richteg kombinéiert awer méi wéi in. Zum Beispill mat Sneaker an am beschten over sized.
Eng Jeansbox ass zwar är Basis, et kënnt awer do ob de Modell un. In sinn och dëst Joer rëm Boyfriend a Mom-Jeans. Wat méi extra wat besser. High-wasted an oversized ass do genau dat richtegt. Eng kloer Tendenz an 90er Joren ass weiderhin ze erkennen. Wien do nach sou e puer al Stécker am Schaf hänken huet: op kee Fall liquidéieren. Dat ass lo genau dat richtegt. Traut iech. 2021 ass de Kleederstil sou individuell wéi dir. An alles wat oversized ass, dierft iech gefalen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira