Dir braucht Owes en Dessert? Op dat heiten Uebst sollt dir besser verzichten:

Ech muss mech schëlleg bekennen, den heite Feeler maachen ech ëmmer rëm an et fält mir och schwéier drop ze verzichten:

Ech brauch nom Owesiessen ËMMER eppes Séisses. Fir dann net direkt an de Schockela ze fale starten ech mat Uebst. Mee déi meescht Uebstzorte sinn owes guer net méi gesond. Generell ass réit Uebst oder Geméis owes net ideal, wëll et schwéier ze verdauen ass. Dofir soll ee bei sengem Iessen och ëmmer mat der Zalot ufänken, wëll déi soss wéi en Deckel am Mo läit a sech net gutt verdaue léisst. Mee mir schwätzen elo mol vum Uebst. De gesonden Dessert deen et eisem Kierper net ëmmer einfach mécht. Virun allem Friichte mat vill Saier kënnen eis Nuets wakereg halen. Dorënner falen zum Beispill Orangen, Mandarinnen a Kiwien. Schold dorunner ass den héije Vitaminn C Gehalt de bei enger Iwwerdosis zu Verdauungsproblemer féiere kann. Ween sou wéi ech awer net ob Uebst verzichte kann, den huet Alternativen. Äppel, Bieren a Pije si liicht ze verdaue well si en héijen Undeel u Waasser a wéineg Zocker hunn. Klengen Tipp: Een Apel a Stécker schneiden a Kakuettebotter dobäi, an dir braucht keen aneren Dessert méi! Et gëtt awer souguer Uebst dat eis beim Schlofen hëllefe kann. Banannen a Kiischten hu vill Melatonin. Dëse Schlofhormon kéint iech da souguer dobäi hëllefe méi einfach anzeschlofen.

Et kënnt also schlussendlech vill méi dorop un, wéi een Uebst een ësst, an net ob! Dir kënnt do awer och selwer rausfannen, wat iech gutt deet a wat net. Schlussendlech ass all Kierper anescht a wann et iech schmaacht an dir keng Problemer kritt, dann hutt dir mäi go. A wann dir lo mengt dat ech sou vill Disziplin hätt, dass dat Owes mäin eenzegen Dessert ass: Sorry, mee ouni Schockela leeft bei mir näischt.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

är snacking Queen, Mira