Kee Schäffchen doheem? Keng Zäit ze baken? Déi Desserten ginn och ouni.

E gesonde Lifestyle léit absolut am Trend. Nom Banannebrout an der Kürbiszopp geet et awer lo mat "no-bake" weider. Also Desserten déi virun allem aus enger Dattel a Nëss Basis bestinn, a net mussen am Schäffche gebak ginn. De "no-bake"-Trend geet virun allem oft an eng gesond Richtung well de raffinéierten Zocker duerch Ahorn- an Dattelsyrup ersat gëtt. De Raw Kuch ass dann och nach eng Alternativ méi frësch Liewensmëttel anzebauen. E grousse Klassiker an der "no bake" Kichen sinn d'Energy oder Bliss Balls. Déi bestinn aus dréchene Liewensmëttel wéi Nëss an Dattelen a gi mat enger Zort Nossbotter oder Kokosmus gemëscht. Wann een dat ganzt da mat de Fangere kniet kann een einfach Bullen dorauser formen an déi am Frigo haart gi loossen.

Déi Dessertsidee schmaacht net nëmme lecker, mee ass haaptsächlech och gesond, suergt duerch d'Nëss fir Energie an ass e liichte Snack fir ënnerwee. Nierwend deene Bulle sinn awer virun allem och Brownien a Rigele beléift. De gesonde Snickers ass do e richtegen Highlight:

Zu gudder Lescht dann den all time Favorit: Kéiskuch. Dofir musst dir Cashewnëss iwwert Nuecht aweeche loossen. Biscuitskichelcher mixt dir mat e bësse Botter zu enger papeger Mass a gitt déi als Buedem an eng Bakform. Do kënnt dir awer och Dattelen a Mandelen huelen. Dono mixt dir all aner Ingrediente wéi är Cashewnëss, wäisse Kéis, Kokoscrème an Ahornsyrup. Dat ganzt schëtt dir an är Bakform a stellt de Kuch fir e puer Stonnen an d'Tru. Wann dir en eraushuelt ass et eng fest Konsistenz. Ween also kee Schäffchen doheem huet, hält elo näischt méi vum baken of an dir kënnt mat neie Rezepter beandrocken. Hei fannt dir zum Beispill eng méi faarweg Alternativ zum klassesche Kéiskuch:

xx, Mira

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!