Wéi ass et bei iech? Och vill ze oft online? Dat kann iech dobäi hëllefen:

Ech hoffen ech sinn net dat eenzegt dem et kuerz schlecht ginn ass, wéi den Handy ugewisen huet, wéi vill Stonnen ech dës Woch online war. Är sougenannte „Screentime" ass an der Läscht villäicht och nees enorm an d'Luucht gaangen. Wat fir eis Gesondheet an eis Aen net onbedéngt vu Virdeel ass. Et ginn awer e puer Tipps wéi dir är Zäit um Handy bewosst erof sëtze kënnt.

Probéiert ären Handy net iwwerall matzehuelen. Wann dir zum Beispill an de Supermarché akafe gitt, schreift dir iech eng Akafslëscht a loosst den Handy einfach mol doheem. Da musst dir dësen duerno och net desinfizéieren. Och wann dir spadséiere gitt braucht dir ären Handy eigentlech net. Huelt bewosst är Ëmgéigend wouer a relaxéiert domat är Aen an och äre Kapp. Dee ka nämlech duerch déi vill elektronesch Geräter och mol gutt wéidoen. Nodeems mir de ganzen Dag virum Laptop souzen, kucke mir Owes nach e Film an zack hu mir den Handy awer erëm am Grapp. Leet den also einfach mol an en anere Raum, kuckt relax äre Film oder liest e Buch. Dat hëlleft och einfach mol ofzeschalten a net permanent vu Noriichte beaflosst ze ginn. Zu gudder lescht kënnt dir natierlech och eng Spär astellen, wéi laang dir wéi eng Apps ob ärem Handy benotzen dierft. Och kënnt dir do e sleepmodus aktivéieren. Da geet ären Handy zu enger bestëmmter Auerzäit aus a suergt dofir, dass dir och wierklech net méi drop kuckt.

Sieft awer och net ze streng mat iech selwer. Den Handy ass am Moment déi eenzeg Method mat Frënn a Kontakt ze bléiwen, sech ze informéieren an doheem ofzelenken. Et ass ok wa mir lo méi um Handy hänke wéi soss. Spéitstens wann dat hei alles eriwwer ass, bleift en ganz sécher fräiwëlleg an der Täsch.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

 xx, Mira