Home Office geet och mat Stil!

Zanter engem Joer si mir haaptsächlech doheem an dat huet och eppes mat eisem Kleederschaf gemaach. Tendenz geet do éischter an eng stylesch Loungewear, also Joggingsboxen a bequeem Outfits, déi awer och nach gutt ausgesinn. Si bestinn haaptsächlech aus angeneeme Stoffer wéi Kaschmir a Woll an hunn e labbere Schnatt. Mir sollen doheem bequeem gekleet sinn, mee et dierf och roueg schéin ausgesinn! Da fillt een sech och direkt besser.

Wien e Fan vun der Joggingsbox ass, den dierft déi gären oversized kafen. Déi krempelt een an der Taille eng kéier em, si setzt high-wasted an un de Foussgelenker ass e Lastik. Doduerch fält d'Box un de Been méi weit. Passend dozou kënnt dir e cropped Top undoen oder e kuerzen Hoodie. Da kënnt Box zur Geltung an de Confort bleift weider erhalen. Oft gesäit een do och eng Kombinatioun aus deenen nämmlechte Faarwen. Sou dass dir uewen an ënnen den nämmlechten oder en änleche Faarftoun un hutt.

Thema Hoodies ass dann och wichteg. Wéi do d'Gréisst ausfält ass eng affaire de goût. Ech hunn et zum Beispill gär, wa mäi Pullover esou richteg „over sized" ass. Da kann een sech einfach dran akuschelen. An der Reegel gëllt: Alles wat bequeem ass, optesch awer net no Schlabberlook ausgesäit, kënnt dir fir e flotten home office Dag doheem benotzen.

A spéitstens zanterdeem den Jogging souguer um Runway ze gesi war, kënnt dir en dann och lo mat guddem Gewëssen undoe fir an de Supermarché oder fir spadséieren ze goen. Soulaang en zum aktuelle Pandemie Dresscode gehéiert a stylesch kombinéiert ass, huet d'Loungewear et also och virun d'Dier gepackt. Schluss mat enke Jeansboxen. Déi ginn elo mat Leggings a Jogging ersat.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira