Eeër fierwe mol aneschters!

Dës Woch dréint sech alles em Ouschteren. E reliéist Fest wat mëttlerweil awer och mat villen Traditioun verbonne gëtt. Eeërfierwe gehéiert dozou, mee wéi wier et da wa mir dat mol eng kéier méi alternativ an ëmweltbewosst maachen. Dir kënnt mat einfachen Tricks scho mat Hausmëttel schéi faarweg Eeër zauberen. Dofir braucht dir pro Faarf ënnerschiddlech Zutaten. Bei Giel oder Orange braucht dir Kurkuma a Muerten. Fir eng rout Faarf kënnt dir rout Rommelen an Enne benotzen. Ween et gär gréng hätt benotzt einfach Spinat, Péiterséileg oder Brennnesselen. Brong geet einfach mat schwaarzem Téi a Kaffi. Bei Blo oder Mof huelt dir Molbieren oder roude Kabes. Wann dir iech fir eng Faarf entscheet hutt, schneit dir d'Zutaten kleng a kacht se mat Waasser op, bis dass eng intensiv Faarf entseet. Dono musst dir d'Eeër nëmmen nach 12 Minutten an der Faarf haart kachen. Dat positiivt dorunner ass, dass dir nohalteg sidd an iech keng Gedanke maache musst, wann äert Ee sech vu banne matfierft. Ween et dann nach gär e bësse méi kreativ hätt, ka mat Blieder e Muster op d'Eeër zauberen. Dofir musst dir d'Eeër awer scho virkachen. Dono leet dir d'Blat op äert Ee, wéckelt dat an eng Nylons Strëmp, bannt déi fest a leet se an d'Waasser. Schonn hutt dir dono net nëmmen e faarwegt Ee, mee och nach eent mat Muster.

Natierlech gehéieren zu Ouschteren och verschidde séiss Traditiounen. An Däitschland gëtt e Kuch an enger Geesse Form gebak, ma och de Rübli oder Muertekuch leit am Trend. Domat wäert dir perfekt virbereet fir e flotten Ouschterbrunch. Ech wënschen iech e schéint Fest, ärt Mira.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

 xx, Mira