Scho mol eppes vu fermentéierten a probiotesche Liewensmëttel héieren?

Problemer mam Daarm a mam Mo gi scho bal als Trendkrankheet bezeechent. Eigentlech huet et awer just domat ze dinn, dass mir eis falsch ernieren oder mëttlerweil einfach ob eng aner Qualitéit u Liewensmëttel zréck gräife mussen. Eng Tomat aus dem Supermarché ass eben net méi dat selwecht wéi eng Tomat aus dem Gaart. Mir kënnen eis Gesondheet awer mat deene richtege Liewensmëttel ënnerstëtzen. Villäicht hutt dir do schonn eng kéier d’Begrëffer probiotesch a fermentéiert héieren. Wa net dann erklären ech iech lo kuerz wat dat ass a firwat et iwwerhaapt gutt ass.

Probiotesch Liewensmëttel enthalen d’Bakterie Probiotika. Déi kritt een als Iessergänzungsmëttel an der Apdikt ze kafe wann de Bakterienhaushalt am Daarm op der Kopp ass. Genau déi Bakterië sinn awer och a ville Liewensmëttel dra wéi zum Beispill am Naturjugurt. De besteet aus Mëllechseierbakterien déi fermentéiert ginn an ënnerstëtzen sou d'Darmflora bei Problemer mat der Verdauung. Aner Beispiller si Kefir oder Bottermëllech, Tempeh an ageluechte Kornischong. Mee wat ass da lo eigentlech fermentéieren a wat huet dat mat eiser Gesondheet ze dinn?
Fermentéiere bedeit eigentlech näischt aneschters wéi gären. Dobäi gëtt mat guttaartege Bakterien a Pilze geschafft, wéi zum Beispill bei der Hierstellung vu Camembert. Och Geméiszorte kann e fermentéieren an dat souguer selwer doheem. Do ass dat bekanntst a gesondst Geméis de Kimchi. Beim fermentéieren entstinn dann déi probiotesch Mikroorganismen déi fir eis Daarmflora sou gesond sinn. Den Tempeh den aus fermentéierte Sojaboune besteet wierkt probiotesch an ass domat nach eng super Proteinquell fir Veganer an natierlech och net Veganer. Wäin a Béier sinn iwwregens och fermentéiert, mee dat ass erëm eng aner Geschicht. Sou kënne mir op einfachem Wee eppes fir eise Kierper maachen an dat och nach op eng lecker Aart a Weis.

Kimchi Rezept:

1,4 kg Chinakohl + 40 g Miersalz

Räis-Paste:
160ml kal Britt

2-3 EL Räismiel oder wäisst Miel

2-3 EL brongen Zocker

Geméis:

200g wäisse Rettich oder Réidercher

1 Muert

2 Frühlingszwiwwelen

1 Schallott

6 grouss Knuewelekszéiwen

3 cm Ingwer

Marinad:

30 ml Sojasauce

50g Chiliflacken

40g roude Paprikapolver

1 Nashi Bier oder en Apel geriwwen

  1. De Kabes kleng schneiden, wäschen, mat Miersalz an eng Schossel ginn an 30 Minutte – 2 Stonnen zéie loossen. Dono nach eng kéier ofwäschen.
  2. D'Räispaste zoubereeden: D'Miel mat der Britt verréieren a sou laang kachen, bis dass et ufänkt méi déck ze ginn. Dono den Zocker dobäi ginn, bis dass en sech opgeléist huet.
  3. Dono schneit dir d'Frühlingszwiwwele kleng. D'Muert, de Rettich an eventuell den Apel kleng schneiden oder rappen.
  4. Fir d'Marinade gitt dir den Ingwer, d'Zwiwwelen, d'Nashi-Bier, de Knuewelek, d'Chiliflacken, de Paprikapolver, d'Sojasauce an déi virbereet Räis-Paste an e Mixer bis dass alles püréiert ass.
  5. Als leschte Schrëtt musst dir äert Geméis, de Kabes an är Paste matenee vermëschen an a propper Einmachglieser ginn. Dat ganzt muss fest zesummegedréckt ginn sou dass keng Loft dotëschent kënnt. Alles muss mat der Flëssegkeet verdeckt sinn. Wann dir net genuch hutt, kënnt dir nach e bësse Salzwaasser noschëdden.
  6. De Kimchi gëtt lo 2-3 Deeg bei Zëmmertemperatur loftdicht fermentéiert. Dono hält en sech am Frigo bis zu 2 Méint.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira