Wéi haale mir eis Frëndschaften an enger Pandemie?

Och virun der Pandemie hu mir Frëndschaften op Distanz geféiert. Lo erliewe mir awer ganz nei Erausfuerderungen. Eigentlech wunnt de Kolleege oder d'Frëndin just eng véierel Stonn weit fort, sozial Kontakter soll een awer reduzéieren also gesäit een sech net méi sou oft wéi virdrun. Wéi maache mir dat dann elo, awer keng Frëndschaften ze verléieren?

Ganz wichteg ass sech reegelméisseg en update ze ginn. Sief et e klenge Message oder och mol e méi laangt Telefonat. Fir de klassesche Problem ze ëmgoen, dass een ni Zäit fënnt, kann een sech och fest Deeg an Auerzäite sëtzen, wou ee sech géigesäiteg urifft. Quasi e Rendez-vous, mee ebe virtuell. Dir kënnt iech natierlech och voice messages schécken an déi als Podcast beim nächsten Trëppeltour lauschteren. Alles leeft virtuell, an dat och déi nei Spillowenter. Wann dir iech am Grupp treffe wëllt, da gitt iech e Rendez-vous a spillt einfach online. Dir kënnt iech natierlech och fir en Owesiessen online treffen an iwwer Video matenee schwätzen. Dann ass et wéi wann dir iech wierklech géift am Restaurant vis-à-vis setzen. Fir jiddereen ass d'Pandemie schwéier an do hëlleft oft schonn e klenge Message wéi: „ech denken un dech" oder „ruff un, wann dir eppes um Häerz leit". Ze wëssen dass den aneren do ass, geet oft schonn duer fir e bessert Gefill ze hunn. Dir kënnt iech och e Rendez-vous fir e Filmowend zesumme ginn. Dir musst just gläichzäiteg op play drécken an dann heiansdo matenee schreiwen. Ass natierlech net dat nämmlecht, mee op eng aner Aart a Weis genau sou flott.

Virun allem ass awer och wichteg: Hutt keng Angscht viru manner Kontakt. Et ass ganz normal dass een sech net sou vill ze zielen huet wéi soss, et geschitt jo näischt. Eng gutt Frëndschaft iwwerlieft och eng Zäit an der ee sech manner gesäit. Wann dir iech rëm gesitt ass et, wéi wann ni en Dag vergaange wär an dann hutt dir iech em sou méi ze zielen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira