Mir hunn et all scho mol gegleeft an awer stëmmen se net! 

Gefillt entseet all Joerzéngt en aneren Iessmythos den eis Ernierung komplett revolutionéiere soll. Wat virun 20 Joer gesond war ass elo scho rëm e kompletten Tabu. Gott sei Dank hu mir awer ëmmer méi wëssenschaftlech Studien déi sech mat der richteger Ernierung ausenee sëtzen. Loosst eis mol e puer Iessmythe klären, déi eis erzielt ginn, awer net stëmmen:

  1. Low Carb ass wichteg fir ofzehuelen. Nee! Fir ofzehuelen ass nëmme wichteg an engem Kaloriendefizit ze liewen. Also manner ze iesse wéi ee verbraucht. Dobäi ass awer och wichteg keen ze groussen Defizit ze provozéieren an all Makro a Mikronärstoffer ofzedecken. (Makronärstoffer si Kuelenhydrater, Fetter a Proteinnen. Mikronärstoffer si Vitaminnen a Mineralstoffer wéi zum Beispill Magnesium a Calcium.) En ze groussen Defizit féiert zu de sou genannten Heißhungerattacken. Also op kee Fall héngeren. Kuelenhydrater si wichteg Energieliwweranten déi dobäi och nach sat maachen. Wann dir dem Kierper keng Energie gitt, hëlt en sech déi anzwousch anescht an dat ass Kontraproduktiv. Also iesst är Gromperen, är Bounen an äre Reis. Déi maache sat a glécklech.
  2. Fett ass ongesond. Den Trend hu mir dach all schonn eng kéier gegleeft. Fett ass wichteg fir de Kierper an dat besonnesch fir Fraen. Dobäi muss een awer vu gesättegten an ongesättegte Fetter ënnerscheeden. Eng Tut Chips huet schlecht Fetter, Thon an Avocado dofir awer gesond Fetter.
  3. Ab 6 Auer näischt méi iessen. Ween dat erfonnt huet, konnt einfach just net gutt mat vollem Mo schlofen. Dat ass nämlech den eenzege Grond, firwat een Owes keng grouss Portiounen iesse soll. Wee mat der Verdauung keng Problemer huet, muss sech em d'Auerzäit awer keng Gedanke maachen. Eng Pizza huet viru 6 Auer genau déi selwecht Kalorië wéi um 8. Wee gesond ësst, seng Mikro a Makronärstoffer ofdeckt a virun allem glécklech lieft, de brauch sech em keen Iessmythos Gedanken ze maachen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira