Wéi een och an enger Pandemie als single glécklech ass:

Bass du single? Eigentlech guer kee Problem. An enger Pandemie kann dat heiansdo awer scho méi schwéier sinn. Mee eng Bezéiung mécht nach laang net glécklech. An ier een net glécklech mat sech selwer ass, kann een et och net mat engem anere ginn. Ech hunn e puer Tipps fir iech, dass dat nach besser klappt mam glécklech Single sinn.

1: De Klassiker dass ee sech als single just em sech selwer Gedanke maache muss stëmmt tatsächlech. Mee mëss du et och? Fro dech einfach wat dech glécklech mécht a wat s du genee an dësem Moment brauchs. Villäicht ass et e bësse Rou no der Aarbecht doheem. E Liblingsiessen oder e laangt Gespréich mat engem Kolleege. Déi sou genannte "me-time" ass iwwregens genee sou wichteg wann ee schonn an enger Bezéiung ass.

2:
Du bass als eenzegen an dengem Ëmfeld single a bass doduerch veronséchert? Dat brauchs du awer net. De richtege Partner fanne brauch seng Zäit. Nëmme well däin Ëmfeld eng Bezéiung huet, heescht dat nach laang net dass et ëmmer esou bléift  oder dass déi all glécklech sinn. Looss dech dowéinst net ënner Drock sëtzen. 

3:
Den typesche Virworf: "Du hues ze héich Uspréch!" ass komplette Quatsch. Kloer wann s du elo erwaarts, dass däi Märcheprënz virun der Dier steet, ass dat villäicht onrealistesch. Mee fir de Recht? Deng Uspréch sinn dat wat s du als Mënsch brauchs an ee Resultat vun dem wat du iwwer Joren erlieft hues. Et ass net verkéiert eng Virstellung vun enger Bezéiung ze hunn an ze wësse wat ee vun engem Partner brauch. Ob single oder net: Dat wichtegst bass du selwer an dass et dir gutt geet. De Recht kënnt vum selwen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira