Prett fir ze grillen? Ech jo, mee vegan!

D'Grillsaison geet lass an domat dierfen och rëm Iddie gesicht ginn, wat dann dëst Joer alles op de Grill kënnt. Vun de Klassiker wéi Thüringer, Speck a Spiisser natierlech ofgesinn. Den Trend geet nämlech ëmmer méi an eng vegetaresch oder vegan Richtung. Nee keng Panik, jiddereen de wëll dierf sech säi Fleesch op de Grill leeën. Mee villäicht gefält iech déi eng oder aner Alternativ genee sou gutt. Dat perfekt Beispill: Halloumi um Grill. Wien dat nach ni giess huet, DO IT! De Kéis den net schmëlzt mee awer esou herrlech schmaacht ass quasi fir de Grill erfonnt ginn. Fäerdeg gegrillt paakt dir dësen op eng gutt Zalot a schonn hutt dir eng super Bäilag. Gegrillt gëtt awer net ouni Dip. Mäin absolutte Klassiker ass den Dattel-Dip.

Dofir braucht dir: 

  • 1 Chilischote
  • 1 Zéif Knuewelek
  • 100g Dattelen
  • 2 Frühlingszwiwwelen
  • 1 Téiläffel Salz
  • 1 Téiläffel Harissa
  • 1 Prise Kreuzkümmel
  • 1 Téiläffel Zitrounejus
  • 200 g Crème fraîche (Alternativ: vegan)
  • 200 g wäisse Kéis (Alternativ: vegan)

Alles mixen an zum Schluss de wäisse Kéis ënner hiewen. Oppassen! Et mécht süchteg. 

Net feelen dierf awer och Hummus an Tzaziki. Ech héieren d'Kritiker schonn dass dat kee Gegrills ass. Ofwaarden, et geet réischt richteg lass an zwar mat Tofu a Geméis um Grill. Duerch d’Röstarome schmaacht dat ganz aneschters wéi soss. Geméis wéi Auberginnen, Zucchini a Kolrabi kënnt dir virdrun och nach panéieren. Dann hutt dir äre selwergemaachte Schnitzel um Grill. Oder wéi wier et mat Burger? Do kënnt dir äre Patty aus Bounen entweder selwer maachen oder och fäerdeg kafe wann iech d'Zäit feelt. A wie seet bei engem Burger schonn nee? Natierlech gëtt et dann och kee Grillowend ouni Dessert a niewent Marshmallows ginn et nach ganz aner Iddien. Wéi zum Beispill mäi Klassiker: D'Banann mat Schockela. Dofir schneit dir eng Banann mat der Schuel an der Hallschent duerch, stiecht Schockela dran a leet se rëm mat der Schuel op de Grill. Let the magic happen. Sou lo hunn ech iech genuch Honger gemaach. Zäit ze grillen!

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira