Ready fir de Summer? Aus Ice Tea gëtt Ice Drip.

De Wanter ass eriwwer an domat och d'Saison vum Téi. Waarmt Gedrénks ass zwar eigentlech gutt fir de Kierper ofzekillen, et gräift een dann awer léiwer zu summerlechen Erfrëschungen. Wien e Fan vum Téi ass muss awer net drop verzichten. Sou wéi de Kaffi mam Iced Latte ausgetosch gëtt, gëtt de waarmen Téi duerch de Cold Brew Téi ersaat.

Wéi een Téi dir dofir huelt ass entscheedend. Op ville Packunge steet nämlech, dass een e mat kachendem Waasser opschëdde soll an eng gewëssen Zäit zéie loosse muss. An dat huet och säi Grond. Dobäi ginn d'Bakterien a Keimen, déi bei der Recolte entstinn ofgedéid. Aneschters sinn do gréngen, wäissen a schwaarzen Téi, déi scho bei der Produktioun erhëtzt goufen. Amplaz mat kachendem Waasser schëtt ee beim Cold Brew den Téi mat kalem Waasser op a léisst en op mannst 2 Stonnen zéien.

Bei de Kreatiounen ass är Kreativitéit gefrot. Frëscht Uebst wéi Pijen, Orangen an Zitrounen oder verschidde Kraider kënnen ären Ice Tea ganz individuell schmaache loossen. Mäi Favorit ass do Menthe mat Zitroun, gemëscht mat Hammbieren oder Pijen. Test do roueg aus wat iech am beschte schmaacht.

"Iced Tea" ass jo scho méi laang bekannt. Eng ganz nei Method gëtt et awer och nach an dëst heescht "Ice Drip". Eigentlech ass et just eng traditionell Method aus Japan, déi kënnt awer elo och bei eis un. Amplaz Téiblieder mat Waasser zeien ze loossen, gitt dir d'Kraider op Äiswierfel. Wärend déi schmëlzen entfaalt sech de Goût an dir hutt dono äre perfekten Ice Tea. Dat ganzt schmaacht net nëmme gutt, mee gesäit dobäi och nach immens spektakulär aus. Selwergemaachenen Ice Tea ass net nëmme lecker mee dobäi och nach eng gesond alternativ zu zockerhaltegem Gedrénks. Wien et gär méi séiss hätt ka säin Téi dann ëmmer nach mat Hunneg verfeineren an huet domat dat perfekte Summergedrénks ouni schlecht Gewëssen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira