Sweatshorts & Co, dat braucht dir elo am Kleederschaf:

Mir maachen emol e klengen Ausbléck wat eis de Summer a Punkto Moud erwaart an dat virun allem bei de Shorts. Wat lescht Joer nach in war, ass elo rëm out. Wéi soll een dann do nach den Iwwerbléck behalen? Richteg, dofir sinn ech jo do: Aus kuerzen Jeansboxe ginn elo laang Jeans-Shorts déi bis un de Knéi ginn. Doranner fillt een sech dann och vill méi wuel. Den Jeansstoff dierf roueg méi labber falen an ass esou bei waarmen Temperaturen och vill méi angeneem.

Wee leescht Joer nach onbedéngt no de perfekte Radlershorts gesicht huet, kann déi Sich lo och einfach opginn. Déi schwaarz enk Leggings, déi hire Numm eben hunn, well se u Velosboxen erënneren, huet een ënnert laangen T-Shirten ugedoen. Déi ginn awer dëse Summer am Kleederschaf gelooss a mat engem neien Trend ersat: Sweatshorts. Villäicht ass de Lockdown Schold, villäicht och einfach Tatsaach dass se enorm bequeem sinn. Wat een als kuerSweatshorts & Co, dat braucht dir elo am Kleederschaf:z Joggingsbox doheem ugedoen huet kann een elo och stylesch kombinéiert ob der Strooss undoen. Alles wat dir dofir braucht si cool Sneaker e cropped Top an eventuell e Blazer oder eng Liedersjacket. Sou behale mir konstant den Trend bei eise Look fir doheem och dobaussen unzedoen.

Och out si Shorts aus Lieder. Souwisou waren déi vill ze onbequem wann d'Temperaturen dobaussen ze waarm gi sinn. Ersat ginn déi elo mat kuerze Boxen aus Léngent an och déi kann ee richteg schick kombinéieren. Mat engem wäissen Hiem, engem liichte Pullover oder enger flotter Jackett. Zesummegefaasst ass den Trend dëse Summer virun allem bequeem an eng Mëschung aus basic a schick. Joggingsboxen hu mir mëttlerweil bestëmmt all genuch am Schaaf an de Summer steet och virun der Dier!

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira