Esou verbréngt dir de perfekte Mammendag:

Mammendag steet virun der Dier an dir frot iech alt rëm wat een dann dëst Joer schenke kann? Op mannst ass d'Kontaktbeschränkung gelackert an dir kënnt är Mamm och richteg besiche goen. All Joer en anere Kaddo ze fannen ass awer eng grouss Erausfuerderung, an där stelle mir eis elo. Hei kommen e puer Iddie fir eise wonnerbare Mamme Merci ze soen:

Blumme sinn zwar den absolutte Klassiker, maachen awer ëmmer frou. An déi kënnt dir ärer Mamm souguer heem schécke loosse wann dir si awer net besiche kënnt. Einfach online bestellen a schonn hutt dir hier eng Freed gemaach a gewisen dass dir u si denkt.

Wann eppes Fraenhäerzer méi schnell schloe léisst dann ass et Brunche goen. Sech Stonne laang déi neiste Saachen erzielen, dobäi gutt iessen an den een oder anere Mimosa drénken. Mat der Iddi maacht dir ärer Mamm an och iech selwer eng Freed. Zesummen Zäit ze verbréngen dierft nämlech de beschte Kaddo sinn.
Wann dir net onbedéngt iergendwou hifuere wëllt, kënnt dir dat natierlech och vun doheem aus maachen. Nach ëmmer kënnt dir an alle Restauranten To-Go bestellen oder dir kommt mat frësche Bréidercher a Leckereie bei är Mamm gefuer. D’Freed ass garantéiert.

Wann dir den Dag selwer keng Zäit hutt, da schenkt ärer Mamm einfach e Bong fir en Ausfluch an d'Natur, an de Liblingsrestaurant oder e Picknick zu zwee. Am beschten sou, dass dir och gezwonge sidd e wierklech anzeléisen an d'Kaart net nëmmen am Tirang leie bleift.

Dat wichtegst ass awer einfach ze weisen, dass dir un är Mamm geduecht hutt an hier och emol Merci ze soen, fir alles wat si fir iech gemaach huet.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira