Wat si Superfoods, wéi gesond sinn se wierklech a mat wéi enge lokale Produite kann een déi ersetzen?

E Jughurt ouni Superfoods? Ondenkbar. Méi Vitaminnen, méi Proteinnen a virun allem Antioxidantien verspriechen des Liewensmëttel. Mee kënne mir déi net villäicht mat lokalen Iesswueren ersetzen? Kënne mir. Hei komme meng 5 Alternativen zu Superfoods:

Chia-Som ass opgrond vu senger héijer Protein an Omega 3 Quell total am Trend a ginn am Müsli oder als Pudding giess. Déi kënnt dir awer och ganz einfach mat Leinsamen ersetzen. Déi hunn nach méi Proteinnen a sinn och vill méi bëlleg.

Vum Brunch-Menü net méi ewech ze denke sinn d'Acai Bowls. D'Acai Biere kommen aus Südamerika a sinn duerch hiren héije Gehalt un Anthocyanen sou beléift. Dee suergt dofir dass eis Zelle viru "fräie Radikaler" geschützt ginn. Genee dat alles bidden awer och eis klassesch Molbieren. De Virdeel: Déi kritt dir am Géigesaz zu den Acai-Biere frësch am Supermarché ze kafen.

Wat ob enger Smoothie Bowl net feelen dierf si Goji Bieren. Dës ginn duerch de ville Vitamin C Gehalt gefeiert. Op 100g fënnt een do 48 Milligramm Vitamin C. Deen ass awer ganz einfach mat eise Kréischelen ze toppen! Déi enthalen nämlech 175 Milligramm op 100g.

Mir wëssen all wéi lecker a gesond Avocadoe sinn, awer och wéi se eiser Ëmwelt schueden. Wien ob déi gesond Fetter net verzichte wëll, kann déi ganz einfach an den Hackernëss fannen.

Schlussendlech feelt lo just nach de Quinoa den d'Basis fir all fancy Bowl ass. Leider sinn d'Produktiounskäschten awer esou an d'Luucht gaangen dass sech d'Awunner aus Südamerika deelweis selwer kee méi leeschte kënnen. Ersetze kënnt dir dee ganz einfach mat Hirse. Och den huet vill Proteinnen an Eisen a gëtt par contre hei an Europa ugebaut. Et fënnt ee mëttlerweil awer och Quinoa aus europäeschem Ubau. Einfach do eng kéier hannen op der Packung noliesen.

Superfoods si gesond, ma nach besser sinn se, wann se vun hei kommen!

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira