Et ass waarm an et schweesst ee schonn ouni eppes ze maachen. Elo nach Sport? Jo, mee esou:

Et ass waarm, u Sport ass net ze denke mee de Summerbody soll awer nach e bësse bléiwen? Do kéinten déi sou genannte „low impact workouts” hëllefen. Dat ganzt ass méi effektiv wéi ee mengt. Fir eng schéi Figur muss ee nämlech net ëmmer schweessen. Low Impact Workouts si virun allem mat engem méi geréngen Effort ëmsetzbar. D'Workouts baséieren sech op Kraafttraining an dorop, d'Übungen ouni Sprangen auszeféieren. Wien an der Hëtzt bei Burbees komplett um Enn ass, kann déi och einfach ouni sprange maachen. Doduerch dass de Kierper och do permanent a Beweegung ass, kritt een de Bols an d'Lucht an et verbrennt ee Kalorien. Zwar manner wéi bei engem héisch intensiven Training, dofir kënnt dir den awer och méi oft an der Woch maachen. Wiem et am Summer awer generell ze waarm ass fir Sport a sech trotzdeem beweege wëll, de kann och einfach moies an owes e bësse méi weit trëppele goen. Doduerch sammelt dir är Schrëtt, waart a Beweegung an hutt iech trotzdeem net verausgaabt. Eng aner Optioun ass Yoga. Nach ëmmer gëtt et dat Gerücht dass Yoga kee Sport ass. Déi hunn et awer einfach selwer nach net richteg probéiert. Beim Yoga spaant dir all är Muskelgruppen un a well een d'Übunge lues ausféiert, sinn déi dann och direkt méi intensiv. Mir hunn also genuch Optiounen och am Summer sportlech aktiv ze ginn a wann do awer nach näischt fir iech dobäi war, da sprangt einfach an d'Piscine, dat killt of a mécht virun allem Spaass.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira