Virun allem am Summer brauch een heiansdo mol e schnelle Snack tëschenduerch, hei meng Tipps:  

Heiansdo muss et séier goen, zemools wann de Bauch scho grommelt. Virun allem am Summer huet een do Loscht op liicht Rezepter déi net schwéier am Mo leien a schnell preparéiert sinn. Ech stellen iech elo meng top 5 easy snacks fir, déi net nëmme lecker si mee och nach gesond:

Den absolutte Klassiker am Summer? Waassermeloun mat Feta. D'Waassermeloun ass erfrëschend, besteet bal nëmmen aus Waasser a passt duerch de séisse Goût perfekt bei de Feta. Dëse suergt als Proteinquell dann dofir dass dir och e bësse sat bleift a mécht dat ganzt zu mengem Liiblingssnack. Passend dozou nach Balsamico Ueleg driwwer, a Menthe oder Basilikum dobäi.

Wann et net wierklech Honger ass, mee virun allem Loscht dann hëlleft dogéint Uebst mat Peanut Butter. En Apel oder eng Banann kleng schneiden an da Kakuettebotter driwwer sträichen. Gleeft mir, et mécht iech einfach nëmme glécklech.

Eppes wat fir mech doheem ni feelen dierf si Maiskichelcher. Déi schmaachen ouni eppes drop mee mat leckeren Toppings nach besser. Sief et eppes Gehäerztes, Avocado oder och mol eppes Séisses. Maiskichelcher sinn e richtegen Alleskënner an dierfen ouni schlecht Gewëssen als gesonde Snack duerchgoen.

Et soll wéi en Dessert schmaachen, an awer gesond sinn? Dat Klappt. An zwar mat gefruerenem Uebst. Sief dat Mango, Äerdbier oder Hammbier. Huelt déi gefruere Friichten aus der True, loosst se ganz licht entdeeën an da kënnt dir déi wéi eng Kamell suckelen.

Mäi leschte Snack Tipp: Geméis mat engem Dipp. Muerten, Paprika oder Kornischong a Sträife schneiden an zum Beispill an den Tzaziki oder Hummus dippen. Feelt nach eppes? Yes: Ee gudden Appetit!

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira