Firwat kaschte Sonnecrèmen ënnerschiddlech vill a wéi eng ass déi richteg?

Et ass d'Zäit vun der Sonnecrème. Op mannst sollt et se sinn. Vill vun eis wëllen natierlech vun der Sonn profitéieren a brong ginn, verzichten dobäi awer op de wichtegste Schutz fir eis Haut. Dat eenzegt wat een awer domat erreecht ass eng dreschen an ongesond Haut.  D’Fro ass awer elo, wéi eng Sonnecrème e kafe soll. Geet eng bëlleg duer oder muss een do an der Präiskategorie méi héisch gräifen? A firwat kaschte Sonnecrèmen iwwerhaapt ënnerschiddlech vill?

De groussen Ënnerscheed dierften d’Inhaltsstoffer sinn. Mir wëssen all dass d’Crème sech a Kombinatioun mam Waasser vum Kierper léist a frei gesat gëtt. Wann dir elo am Mier schwamme gitt, schwëmmt och är Sonnecrème ronderëm an dat kann extrem schiedlech fir d‘Koralleriffer ginn. Eng Gefor sinn do virun allem d’Nanopartikel an de Mikroplastik den an der Produktioun dobäi gesat gëtt. Ëmmer méi Hiersteller probéieren awer dorop bewosst ze verzichten fir eis Mierer ze schützen. Elleng dat dreift de Preis vun der Crème an d‘Luucht, ass awer e wichtege Schratt fir eis Ëmwelt.

E weidere Faktor ass, dass net all Sonnecrème vegan ass. Sief et dass se un Déiere getest ginn oder aner Ingredienten net stëmmen. Wiem et wichteg ass op onnëtz Déiereversich ze verzichten, de fënnt online eng Lëscht vu vegane Sonnecrèmen. Sonnecrème ass also net gläich Sonnecrème. Och do ass et wichteg bewosst op d‘Inhaltsstoffer opzepassen. An denkt drun, en héije Lichtschutzfaktor dréit net dozou bei dass dir manner brong gitt, mee dass dir iech manner oft acrème musst.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira