Dating Angscht no der Pandemie?

Schonn eppes vun "danxiety" héieren?

Wéi laang war een dann net méi richteg an enger Bar, huet nei Leit kennegeléiert, geflirt an een an den Aarm geholl?
No laanger Zäit dierfe mir rëm ... do kann et awer sinn dass een net méi richteg weess wéi et geet. Danxiety beschreift einfach nëmmen Dating-Nervositéit. De Bléck wandert iwwerall hin an et weess ee scho bal net méi wou ee fir d'éischt kucke soll. Wa sech elo zwee Blécker treffen, wat geschitt dann? Dierf een iwwerhaapt erëm openeen zou goen? Wéi stellen ech mech vir? Kann ech engem d'Hand ginn?
Déi gutt Noriicht bei der Saach ass: et geet eis all d'nämmlecht. Wann dir ob eng Persoun duer gitt an dir wësst net richteg wéi, da frot einfach wéi dir hier dierft Moie soen. Wann déi kuerz Corona Formalie gekläert sinn, ass et en einfacht Spill. Endlech sozial Kontakter, do ass ee souguer frou iwwert banale small talk. Een Thema sollt dir do awer am beschte vermeiden an dat ass d'Pandemie. Schwätzt iwwert Zukunft: Saachen ob déi dir iech freet a wat dir alles virhutt. Wann de Fonken iwwergesprongen ass, dann trefft iech ob en Date. Probéiert awer aus dem Corona-Trëppel-Modus rauszekommen. Gitt einfach kreativ. Nei Leit kennenzeléiere schätzt een elo ëmsou méi. Wien dat ganzt nach virsiichteg ugoe wëll an ob den Dating-Apps ënnerwee ass, dee kann och ëmmer mat engem Videocall ofchecken, ob d'Chemie stëmmt ier dir iech dann an der Realitéit trefft.

Un all d'Singles dobaussen: Iech erwaart elo déi beschten Zäit an et kann nëmme gutt ginn. Traut iech!

xx, Mira

Lauschten hei de ganze Lifestyle!