Gutt geschlof? Wann net kann dat villäicht hëllefen:  

Dir leit am Bett, dréit iech hin an hier a nom drëtte Bléck op de Wecker stëllt dir verzweiwelt fest, dass awer kaum Zäit vergaangen ass. Fir vill Leit ass et eng Wonschvirstellung einfach esou aschlofen ze kënnen. E schlechte Schlof kann ënnerschiddlech Grënn hunn. Oft kann een sech awer scho mat einfachen Tricks hëllefen:

E grousse Faktor spillt do schonn déi richteg Luucht am Zëmmer. Suergt dofir dass et och wierklech däischter ass an dir vu kenge Luuchten ofgelenkt gitt. Dann ass och garantéiert, dass dir net direkt bei deenen éischte Sonnestralen erëm waakreg gitt.

Wann dir Owes Problemer hutt zur Rou ze kommen, da leet bewosst eng Stonn virum Schlofen all Elektronesch Geräter fort. Blo Luucht hält de Kierper nämlech waakreg. Par contre kënnt dir e Podcast oder berouegend Musek lauschteren an esou lues a lues an e Schlofmodus kommen.

Eppes wat eis dacks waakreg hält sinn eis eege Gedanken. Mir kennen et all. Da fänkt e bemol un nozedenken a scho steigert een sech ëmmer méi a seng Gedanke ran. Do kann et hëllefen dës einfach opzeschreiwen. Da sidd dir de Gedanke lass a kënnt äre Kapp a Rou leeën.

Eng weider Hëllef ass eng Decke mat Gewiicht. Déi si mat Glaskugele gefëllt a ginn als Therapiemëttel bei Schlofstéierungen oder anere Problemer benotzt. Doduerch gëtt dat nämmlecht Gefill wéi eng Emarmung ausgeléist an et gi Glécks- a Schlofhormoner fräigesat.

Wien heiansdo do leit a net méi weider weess, dee ka sech mat der richteger Ootmung hëllefen. Dobäi musst dir är Zong un de Gomm leeën an duerch d'Nues anootmen. Den Otem haalt dir 7 Sekonnen an an duerno otemt dir haart duerch de Mond aus. Mat der Übung konzentréiert dir iech just op ären Otem a loosst äre Kierper entspanen.

An dem Sënn, eng erhuelsam Nuecht gewënscht.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira