Wou stécht eigentlech iwwerall Zocker dra wou een net domat gerechent hätt?

Zocker ass schlecht fir eise Kierper. Op Zocker ze verzichten ass awer guer net esou einfach. Wee mengt dass e Verzicht op Séissegkeete schonn duer geet, den iert sech. De meeschten Zocker ësst een nämlech onbewosst an dat a Liewensmëttel wou ee guer net domat gerechent hätt. En duerchschnëttleche Mënsch dierf am Dag maximal 50g Zocker zou sech huelen. An dat ass eng grouss Challenge. Hei kommen déi gréissten Zockerfalen am Alldag:

Zoossen an Dipps. Mir wëssen dass Ketchup en enormen Zockergehalt huet. Op 100g sinn et 8 Stécker Zocker, also 24g. Dat wier da schonn d‘Hallschent vun dem, wat een am Dag iessen dierf. Mee och aner Zoossen déi een als gesond astuuft hunn ëmmer Zocker op der Inhaltslëscht.

Eng gutt Schmier mat Nutella. De Klassiker um Kaffisdësch. Nutella huet awer pro 100g 57g Zocker. An och d’Brout ass mat 5g Zocker net ganz onschëlleg.

Lo misst een awer mat engem Jughurt alles richteg maachen? Net ganz. All Jughurt huet och Zocker. Wann et elo nach e Jughurt mat Goût ass klëmmt de Wäert ganz schnell an d'Luucht. Als Topping nach e bësse Müsli mat 20 g Zocker a gedréchent Uebst mat 40g a schonn huet een seng Dagesratioun em dat duebelt iwwerschratt an den Dag huet mol nach net richteg ugefaangen.

Dann awer léiwer e Smoothie? Wann e selwergemaach ass limitéiert sech den Zocker just op den aus Friichten, den a Moossen däitlech besser ass wéi raffinéierten Zocker. E Smoothie vu bekannte Marken aus dem Supermarché huet nämlech ganz séier 10g Zocker op 100ml. Zu gudder Lescht dierf ageluechtem Uebst a Geméis net feelen. Mais aus der Bécks huet zum Beispill 7g Zocker pro 100g.

Mäin Tipp: kuckt ëmmer hannen op Inhaltsstoffer. Oft kritt een Alternative wou bewosst keen Zocker bäigesat ass. Wann dir sou vill wéi méiglech frësch kaaft a selwer kacht, hutt dir ären Zockergehalt och besser am Grëff.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira