Waasserglacë selwer maachen? Dat geet super einfach mat dësen Tricks:

Eng Glace am Summer gehéiert scho bal op meng deeglech To-do Lëscht. Lo kann een awer mat Waasserglacë fir e bëssen Ofwiesslung suergen an dat besonnesch wann een se selwer mécht. Forme fir Waasserglacë kritt ee bal iwwerall ze kafen. Als Alternativ kann een awer och Tasen an Äisformen huelen, déi een doheem huet.

Ech hunn iech e puer Rezepter fir Waasserglacen erausgesicht: mol fir Kanner, mol mat e bësse méi Spaass an eng alkoholesch Alternativ fir den Afterwork.

Äert Basisrezept si Friichten a Waasser. Fir 6 Waasserglacë braucht dir 300g püréiert Friichten. 200 ml Waasser. 4 Téiläffel Zocker oder Hunneg. Dat Ganzt mixt dir zu enger relativ flësseger Mass a fréiert se an. Wien e bësse méi kreativ wëll ginn, de kann och ganz Stécker Uebst drënner mëschen. E schéine Faarfverlaaf kritt dir mat Jughurt oder Kokosmëllech. Wie keen Uebst doheem huet, kann och Sirop, Jusen oder Téi benotzen.

No engem laangen Aarbechtsdag brauch een heiansdo och einfach mol e Cocktail. Oder eng Glace. Oder einfach béides? Dir kënnt äre Mojito och direkt afréieren an hutt alles kombinéiert. Dofir braucht dir 300 ml Waasser, 2 EL brongen Zocker, Menthe, 3 EL wäisse Rum (geet och ouni) an 3 Limetten. Den Zocker musst dir mam Waasser kuerz opkachen. Dono gitt dir de Recht dobäi a mixt alles. Dat fëllt dir an är Formen a fréiert et an.

Waasserglacë sinn äre perfekte Begleeder am Summer an dat zu all passend Geleeënheet. Klengen Tipp: Séier iessen ier alles schmëlzt. Déi zweet läit jo scho kal.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira