Mir dierfen eis all mat eiser mentaler Gesondheet beschäftegen!

Laang Zäit war et en Tabu-Thema. Psychotherapien. Dobäi ass et eng wonnerbar Méiglechkeet fir jiddereen. Déi eng sinn op Hëllef ugewisen a fir déi aner ass et eng schéi Méiglechkeet méi iwwert sech selwer erauszefannen. D'Gesellschaft gëtt Gott sei Dank ëmmer méi oppen mat der Thematik an dat mierkt een och an der kommerzieller Richtung.

A Bicher a Podcasts gëtt sech mam Liewen a mat der Gesellschaft ausernee gesat. Sief et an Themen, déi sech mat der Léift beschäftegen, mam Job oder mat senger eegener Kandheet. Et fënnt ee Mëttlerweil och zu all Kategorie e Podcast. Beléift Theme sinn do tëschemënschlech Bezéiungen, Ernierung, Sport, Work-Life-Balance a  Meditatiounen. Och wann dat alles Theme sinn déi d'Mënschheet schonn eng laang Zäit beschäftegt, fannen se an der Gesellschaft endlech en oppent Ouer.

Souguer de Fernsee-Programm ännert sech. Nieft den typeschen Trash-Sendunge fënnt een och Reality-Shows, déi Dating-Themen aus engem wëssenschaftleche Bléck thematiséieren. Awer och Serien a Filmer beschäftegen sech mat Theme wéi Depressiounen, Problemer aus der Kandheet an dem Wee an e glécklechen Alldag. A genee dat ass wichteg fir d'Zukunft.
Therapien ze maachen a sech mat sengen eegene Gefiller auserneen ze setze sollt zu eisem Alldag gehéieren a scho guer keen Tabu-Thema sinn.

Wann iech dat interesséiert an dir awer nach keng Erfarung mat dësen Themen hutt, kann ech recommandéieren einfach mol e bësse bei de Podcasts an ënnert de Bestseller Leschten ze kucke wat iech gefält. Eent ass sécher: Mir all hunn eng Geschicht a mir hunn all eppes ze zielen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira