Wann dir dës Feeler beim kache vermeit, kënnt dir iech als Profi bezeechnen!

D'Lescht Joer sinn ëmmer méi vun eis zu richtege Kachprofie ginn. E puer Feeler maache mir awer warscheinlech all nach, an déi sinn eis guer net esou bewosst. Mee Kache muss geléiert sinn, a wann dir dës Feeler vermeit, kënnt dir iech da ganz offiziell als Chefkach bezeechnen:

Feeler Nr. 1: dir gitt keng Saier bei. Genuch Salzen ass wichteg, fir d’Aromae fräizesetzen. Wann et awer nach ëmmer fad schmaacht, dann hutt dir däitlech ze wéineg Saier an ärem Menü. E klenge Sprëtzer Zitrounejus kann do schonn hëllefen.

Feeler Nr. 2: Dir hutt eng ze kleng Pan a réiert permanent ëm. Et ass wichteg d‘Liewensmëttel och richteg unzebroden a roueg ze loossen. An dofir braucht dir Plaz. Egal wéi lackeleg et och ass, eréischt wann alles eng gold brong Faarf huet schmaacht et och esou richteg gutt.

Feeler Nr. 3: Dir wierzt zum falsche Moment. Vill Leit këmmeren sech eréischt zum Schluss ëm déi richteg Aromaen. Dobäi ass et wichteg, dass déi och Zäit hunn sech ze entfalen. Virun allem Gewierzer wéi Cayennepeffer, Chili a Curry sollen direkt am Ufank dobäi kommen, esou dass de Goût och mat deenen anere Liewensmëttel verbonnen an duerch d‘Röstarome verstäerkt gëtt.

Feeler Nr. 4: Dir benotzt de falschen Ueleg an dat ka souguer ärer Gesondheet schueden. All Ueleg huet seng Funktioun. Fir unzebroden hëlt een am beschte raffinéierten Ueleg wéi Oliven, Raps oder Kokos-Ueleg. Déi sinn am Goût relativ neutral an dierfen héijen Temperaturen ausgesat ginn. Fir d'Zooss kënnt dir Leinueleg oder och Olivenueleg benotzen.

Feeler Nr. 5: Dir preparéiert iech net richteg a gitt dann hektesch. Eng roueg Hand beim Kachen ass alles wat zielt. Liest Rezept virdrun e puer mol duerch, leet alles prett wat dir braucht a preparéiert déi éischt Schrëtt. Da musst dir duerno déi eenzel Etappe just nach kombinéieren an dir sidd mat Häerz bei der Saach.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

E gudden Appetit, Mira