Hannert Instagram stécht eng grouss Marketingstrategie a mir sinn all en Deel dovun. Mee wéi?

"Ech si geinfluenced ginn." E Saz deen ee virun enger gewësser Zäit nach net richteg verstanen hätt.

Instagram, Tik Tok & Co zielen do zu deene populäerste Plattformen. Wat am Ufank domat ugefaangen huet just den Alldag vu Persounen ze dokumentéieren, huet sech mëttlerweil zu enger eenzeger Marketing-Strategie entwéckelt.

Wien als Hiersteller mat sengem Produit net an de Soziale Medie vertrueden ass, muss riskéieren einfach kee Succès ze hunn. Déi sou genannten "Influencer" kréie Produiten heem geschéckt, stellen déi hirer Community vir a weise wéi iwwerzeegt si dovunner sinn. Leider ass dat awer dacks guer net de Fall an d’Motivatioun fir de Produit an d‘Kamera ze halen, war just wéinst de Suen déi si dofir kruten. Wat als gutt Marketing Iddi ugefaangen huet, entwéckelt sech mëttlerweil awer schonn als lästeg Strategie.

Mee wourunner erkennt een dann elo, wéini en Influencer et wierklech eescht mengt, a wéini et einfach nëmme Reklamm ass? Bei verschidde Marken ass et relativ einfach erauszefannen. Followt een e puer Leit aus deenen nämmlechte Kreesser, déi da bannent enger Woch ob ee mol all den nämmlechte Pullover, de selwechten Téi oder Porridge an d'Kamera halen an dann nach all e  Code dofir hunn? Da kënnt dir iech sécher sinn, dass dat just eng bezuelte Reklamm ass. Och bei gestallte Fotoe mierkt dir, dass déi Persoun selwer guer net vun dem Produit iwwerzeegt ass. Jee nodeem wéi dacks dir dës Saachen awer wierklech an de Storye gesitt a wéi si dovunner schwätzen, weist, wat si eigentlech wierklech dovun halen. Verschidden Influencer sinn ausserdeem bekannt dofir, sech just duerch Reklammen ze finanzéieren. Wielt déi Leit deenen dir followt bewosst aus, da fënnt ee ganz séier eraus, wien éierlech ass a wie just Sue maache wëll.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira